Fuerscher fanne bei Déieren a chineesesche Pelzfarmen 125 Virusaarten

© AFP
A China hunn et d'Déieren net ëmmer immens gutt. ma ganz uerg Verhältnisser ginn et a Pelzfarmen.
Fuerscher sinn der Opfaassung, dass a Pelzdéierfarmen e grousst Potential besteet, dass do Krankheetserreeger entstinn, déi wuel och op e Mënsch iwwersprange kënnen. Enger an der Fachzeitung "Nature" verëffentlechten Etüd no goufe bei Ënnersichungen an esou Farmen a China 125 Virusaarten entdeckt. Dorënner och 36 nei Aarten an 39 Virusstämm, bei deenen e potentiell héije Risk besteet, dass se op aner Aarten iwwergräifen.
D'Prouwen aus de Longen an dem Daarm vu 461 Déiere wéi Näerzen, Kanéngercher, Fiiss a Marderhënn, déi tëscht 2021 an 2024 a China u Krankheete gestuerwe sinn, goufen ausgewäert. De Gros vun den Déiere war vu Pelzdéierfarmen, e puer goufen awer och an der Fleeschgewënnung oder fir déi traditionell Medezin agesat. Ëm 50 ware wëll Déieren.
E puer vun de Virenaarten, wéi den Hepatitis E an d'japanesch Encephalitis, ware scho bekannt, sech op de Mënsch z'iwwerdroen. Vun den 39 Aarte mat potentiell héijem Risk, op aner Aarten iwwerzegräifen, waren der 13 nei. Bei Mierschwéngercher, Näerzen a Bisamrate goufen donieft e puer Aarte vun der Vullegripp nogewisen.
Et goufen dann nach siwen Aarte vu Coronavire festgestallt, et hat awer keng e Lien mam SARS-CoV-2, deen Enn 2019 eng éischte Kéier a China entdeckt gouf an d'weltwäit Pandemie ausgeléist hat.
De Virolog Edward Holmes vun der Universitéit Sydney, deen och schonn zu Covid-19 gefuerscht huet, gesäit d'Resultat vun der Etüd nawell mat Suerg. Déi global Pelzdéierindustrie wier "eng vun de warscheinlechste Méiglechkeete fir den Ausbroch vun enger neier Pandemie". Hie perséinlech wier der Opfaassung, dass dës Industrie misst zougemaach ginn.
Déi gréisste Suerg hätt hie wéinst dem Zwergfliedermaus-Coronavirus HKU5, dee bei zwee geziichten Näerze fonnt gouf an e Lien huet mam Coronavirus vum Middle East Respiratory Syndrome (Mers). Dësen ass fir de Mënsch déidlech a misst iwwerwaacht ginn, sou den Holmes. Hie geet och dovun aus, dass Dausenden nach onbekannte Virusaarten ënner wëlle Mamendéieren zirkuléieren.