Virop si Spannen nëtzlech Déieren, well se Mécken oder Mustike friessen, wär do net d'Tatsaach, dass vill Leit sech virun hinnen eekelen.

Munch ee kritt esouguer richteg Panik. Arachnophobie nennt een dat: D'Angscht viru Spannen.

Fir déi Leit ass den Hierscht natierlech eng besonnesch haart Zäit, well d'Spannen da méi heefeg an Haiser oder Wunnengen optauchen. Dat läit net dorunner, dass et hinnen dobaussen ze kal gëtt, ma vill méi dorunner, dass se am September an Oktober besonnesch aktiv sinn. D'Männercher, déi bis zu 10 cm grouss kënne ginn, schwäermen elo aus, fir sech mat Weibercher ze koppelen. Besonnesch Owes an Nuets gi se op Wanderschaft.

Hei zu Lëtzebuerg si virun allem zwou Zorte vill verbreet; d'Hauswénkelspann an d'Schwëster, d'Grousswénkelspann. Déi zwou sinn als Hausspanne bekannt a liewen no beim Mënsch, meeschtens am Keller, am Schapp, um Späicher oder an Holzstapelen a ronderëm d'Haus, wou se hir Netzer an däischteren Ecke bauen. Fir de Mënsch sinn dës Spannen ongeféierlech, och wa se hire Fang mat Gëft dout maachen. Meeschtens lafe se fort, wann een hinnen ze no kënnt.

Wie se wëll lassginn, dee stéisst am Netz op allerhand Mëttel wéi Spannespray oder Ultraschallstecker, déi d'Aachtbeener dauerhaft verdreiwe sollen. Ma e Bléck op d'Bewäertunge weist, dass den Erfolleg sech a Grenzen hält. Amplaz mam Biesem oder Staubsauger d'Déiere futtizemaachen, kënne Moustiquairë verhënneren, dass se ëmmer nees erakommen. Et ginn awer Tüben, oder Grëffer, mat deenen ee se eraussetze kann, ouni dass se zu Schued kommen. Da kann een all puer Woche Käschte kleng schneiden a bei der Dier oder der Fënster verdeelen, fir d'Spannen ewechzehalen: Déi stoussen nämlech e ganz intensive Geroch aus, dee se guer net gären hunn.

Fir déi Betraffe gëtt et ëmmerhin awer e klengen Trouscht: Anscheinend herrscht an engem Haus, wou vill Spanne sinn, e gesond an agreabelt Hausklima.