Am Naturschutzgebitt Schlammwiss
Seele Vullenaart aus dem Mëttelmierraum zu Lëtzebuerg gesinn

© Jim Schmitz
Et handelt sech dobäi ëm déi sougenannt Schwaarzkappgraatsch.
Beim Migratiounsmonitoring vun de Villercher hunn d'Mataarbechter vun der Birdringingstatioun am Naturschutzgebitt Schlammwiss zu Schëtter eng ausgewuesse Schwaarzkappgraatsch (Curruca melanocephala) entdeckt. De Villche krut bei där Geleeënheet e Rank ëm de Fouss festgemaach.
Fir gewéinlech riicht sech dës seele Vullenaart am Mëttelmierraum hir Näschter an. Nom 3. Oktober 2015 war et elo eréischt déi zweete Kéier, datt eng Schwaarzkappgraatsch zu Lëtzebuerg observéiert gouf.
Am meeschte gelies