Therapie mat Déieren
Wéi Hénger de Bewunner am Altersheem vu Suessem hëllefen
Déieren am Altersheem hëllefe villen eelere Persounen. Schonn eleng en Déier ze heemelen, zaubert bei villen e Laachen an d'Gesiicht.
Och op Leit mat Demenz hunn Hausdéieren eng äusserst positiv Wierkung. Si ginn Zouwendung, suerge fir e Wuelbefannen an och Gebuergenheet. Heiansdo brénge se déi Betraffen esouguer och nees un d’Schwätzen. Elo denkt een hei direkt un en Hond, e Päerd oder eng Kaz, jo och, mee zu Suessem hu se elo zanter zwee Joer Hénger. Mir sinn d’Hénger besiche gaangen an hu gekuckt, ob d’Matbewunner zefridde si mat dësem Projet. Dobäi leien elo scho Pläng do, fir deemnächst och aner Déieren do bewonneren ze dierfen.
Am meeschte gelies