Onbekannter hu probéiert, eng kleng Kaz unzefänken

An der Nuecht op e Freideg huet ee Mann enger klenger Kaz warscheinlech d'Liewe gerett, andeems en intervenéiert ass.
Zu Köln-Lindenthal am Park beim Aachener Weiher hat de 55 Joer alen Zeien zwee Onbekannter observéiert, déi probéiert hunn, ee Stapel mat Brennholz a Flamen ze stiechen, ënnert deem eng kleng Kaz ageklemmt war. Wou déi zwee Männer den Zeie bemierkt hunn, hu si sech dunn duerch d'Bascht gemaach.
Eréischt wou den Zeien sech den Holzkoup méi genee ugekuckt huet, huet hien en haart Miauen aus der Mëtt vum Stapel héieren. Hien huet doropshin d'Police geruff.
D'Beamten hunn ënnert dem Holz en ageklemmte Kazebëbee fonnt. D'Déier war vun der Episod nach zimmlech verstéiert an huet ee vun de Polizisten direkt e puermol an d'Hand gebass, wou dee probéiert huet, et ze befreien. De Beamten huet no senger Interventioun medezinesch Versuergung gebraucht a fir déi kleng Kaz goung et fir d'éischt emol an d'Déierenasyl.
D'Police vu Köln sicht no dem Virfall am Park elo no eventuellen aneren Zeien, déi eppes zu der Dot oder den zwee onbekannte Männer soe kënnen. Dem Mann no, deen d'Police alertéiert hat, hat ee vun de Männer ee Baart an en hätt verkomm ausgesinn. Iwwert deen zweete Mann konnt hie just aussoen, datt hien donkel Kleeder ugehat hätt.

© Polizeipräsidium Köln