An Däitschland ass een 29 Joer ale Mann op der Intensivstatioun gelant, nodeems sech säin "Hausdéier" als net grad zoutraulech erwisen huet.

Seng Begeeschterung fir exotesch Déieren hätt dem Mann bal d'Liewe kascht, nodeems seng gréng Mamba hien an d'Hand gebass huet. Hie koum mat enger akuter Vergëftung op d'Intensivstatioun. Do wäert de Mann viraussiichtlech och nach eng Zäit bleiwen. Dobäi muss gesot sinn, datt hie wuel Gléck am Ongléck hat - d'Mamba war nach net ganz ausgewuess, an esou krut hien och eng vergläichsweis "kleng" Portioun Gëft of.

D'Mamba-Madamm, déi zu enger vun de gëftegste Schlaangenzorten um afrikanesche Kontinent gehéiert, huet ouni Autorisatioun beim Mann doheem gelieft a schéngt hir Wunnsituatioun och net ganz appreciéiert ze hunn.

D'Mamba gouf nach bis e Méindeg an engem gesécherten Terrarium gehalen, ier se dann en Dënschdeg an een Déierepark bruecht gëtt, wou se der Policedirektioun vu Kiel no "a sécherem Ofstand vu mënschleche Fanger" liewe wäert dierfen. Hire fréiere Besëtzer wäert sech elo op juristesch Suitten astelle mussen.