Thailand a Madagaskar hunn e Mëttwoch zesummen erkläert, dass et am Mee zu enger Razzia an der südlecher Provënz Chumphon koum.

Bal dausend wëll Déieren, déi vun Déiereschmuggler gefaange geholl gi waren, goufen an Thailand séchergestallt. An der Haaptsaach waren dat Lemuren an Deckelsmouken.Béid Länner hunn erkläert, et géif sech ëm de bis ewell gréissten Asaz am Kampf géint Wëlldéierschmuggel handelen.

D'thailännesch Police hat bei der Razzia an der südlecher Provënz Chumphon am Mee insgesamt 1.117 lieweg an doudeg Déieren entdeckt. Et géif sech der Regierung no ëm déi gréisste Beschlagnamung an der thailännescher Geschicht handelen.

Sechs Verdächteger konnte festgeholl ginn. Si goufe wéinst dem Handel mat menacéierten Déieren ugeklot a riskéiere bis zu 15 Joer Prisong souwéi Geldstrofe vu bis zu 1,5 Millioune Baht (ëmgerechent gutt 41.000 Euro). 963 Déieren, bei deenen et sech ëm sougenannte Kattaen a brong Makien souwéi zwou Zorten Deckelsmouken handelt. Si sollen elo op Madagaskar zeréckbruecht ginn.

Dës Déierenaarte komme just am Inselstaat am Indeschen Ozean vir a stinn ënner Schutz.

Den Ëmweltminister vu Madagaskar Max Andonirina Fontaine, deen extra an Thailand gereest ass, huet ugekënnegt, d'Déieren no der Réckféierung an Opfangstatiounen ënnerzebréngen. Den thailänneschen Ëmweltminister Chalermchai Sri-on huet vun engem "bedeitende Schratt" am Kampf géint den Déiereschmuggel geschwat. Et wier och déi éischte Kéier, dass wëll Déieren nach ier d'Geriichstverfare war, zeréck an hir Heemecht kommen.