Sechs Elefante bei Zuchaccident ëm d'Liewe komm

© AFP
Wéi et vun der Police heescht, wier am fréien Donneschdegmoien e Passagéierzuch an eng Elefantefamill gerannt.
Den Zuch ass doropshin entgleist, et sinn allerdéngs keng Mënschen zu Schued komm. Vun der Elefantefamill si sechs Déieren op der Plaz ëm d'Liewe komm, zwee hunn iwwerlieft. Se gi vun den zoustännegen Déiereschutz-Autoritéite versuergt.
Schonn am September 2018 koum et a Sri Lanka zu engem änleche Virfall, bei deem zwee jonk Elefanten an hir Mamm gestuerwe sinn. Well Elefanten dacks iwwer d'Gleiser trëppelen, goufen d'Maschinisten ugewisen, d'Vitesslimitten ze respektéieren.
Elefante gëllen a Sri Lanka als nationaalt Kulturgutt. Ronn 7.000 vun hinne liewen do fräi an der Wildnis. Se ëmzebréngen oder ze blesséieren, gëllt als Strofdot. Vun der Weltnaturschutzunioun ginn asiatesch Elefanten als menacéiert Aart klasséiert.