Déiereschützer rette Buckelwal aus Fëschernetz

© AFP Symbolbild
An der Ostséi hunn Déiereschützer net wäit vun der däitscher Grenz ewech en 10 Meter laange Buckelwal aus Fëschernetzer befreit, dee sech verfaangen hat.
De Wal wier relativ roueg gewiescht bei der Rettungsaktioun, sou d'Agnieszka Veljkovic vun der Ëmweltschutzorganisatioun WWF e Mëttwoch zu Polen.
"Beim zweete Versuch vun de Retter, d'Netzer ewech ze huelen, schéngt e verstanen ze hunn, dass een him hëlleft". Et wier "bal esou eppes wéi eng Kooperatioun" ze beobachte gewiescht, sou d'Veljkovic weider.
Déi ongewéinlech Rettungsaktioun war ronn 80 Meter vun der Küst ewech an der Géigend vu Miedzyzdroje an dem Nationalpark Wolin. Wale sinn an de Gewässer vun der Ostséi éischter seelen, well d'Mier do relativ kleng ass a wéineg Narung fir en Déier vun där Gréisst bitt.
De Buckelwal soll den Déiereschützer no weider observéiert ginn, an der Hoffnung, dass en de Wee vum selwen an d'Nordséi fënnt.