Zu Iechternach ass et am deiersten en Hond ze hunn. Hei muss de Proprietär nämlech 60 Euro am Joer un Hondssteier un d’Gemeng bezuelen.

Déi niddregsten Hondssteier vun nëmme 12 Euro am Joer gëtt et zu Suessem. Op enger Rei Plazen ass dës Tax an de leschte Joren no uewen ugepasst ginn.

Verschidde Gemenge froen och méi, wann ee méi wéi ee Mupp am Stot huet. Zu Bech zum Beispill kascht den éischten Hond 50 Euro, den Zweeten 75 an all zousätzlechen schonn 100 Euro pro Joer. Alles an allem hunn déi 100 Gemengen zejoert ronn annerhallef Milliounen Euro duerch d’Hondssteier erakritt. Dës Informatioune liwwert den Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vun de Piraten.