Deels geläämt Kanéngchen "Hot Wheels" rullt sech zréck an d'Liewen

© Tierheim Dreherhof
Komplett hëlleflos gouf et op engem Feld fonnt. Antëscht rullt sech d'Kanéngchen zréck an d'Liewen. Dat mat engem als Rollator ëmgebaute Vullenhaischen.
"Hot Wheels" ass den Numm vun der Risekanéngchen - an deen ass Programm. D'Déier, dat hëlleflos op engem Feld fonnt gouf, kann haut dank engem selwergebaute Rollator erëm bal selbststänneg duerch d'Liewen hoppelen. Well den "Hot Wheels" - op Lëtzebuergesch "waarm Rieder" - ass deels geläämt.
"Mir hunn e fir d'éischt emol vum Veterinär ënnersiche gelooss. Déi éischt Vermutung vun der Persoun, déi e fonnt huet, war datt e vläicht ugestouss gi war. Et huet sech awer séier erausgestallt, datt en d'EC-Krankheet huet. Dat ass en Eenzeller, deen den zentralen Nervesystem ugräift. Symptomer sinn d'Schifhale vum Kapp oder grad Lämungen un den hënneschte Been", erzielt d'Constanze Wagner, Déierefleegerin am Déierenasyl Dreherhof zu Aalen an Däitschland.
Vullenhaischen als Rollator ëmgebaut
De spezielle Rollator hunn d'Déierefleeger aus engem Vullenhaische gebaut. Dofir hu si d'hëlze Maueren ausgebaut an un de Rescht vum Konstrukt Rulle geschrauft, déi sech dréinen. Fir sech ze beweegen läit den "Hot Wheels" op engem klenge Këssen, stäipt sech mam Uewerkierper of a léisst déi hënnescht Been um Buedem. "An dat huet en och direkt ugeholl. Et déngt temporär einfach och zur Ënnerstëtzung, datt en déi Liewensqualitéit huet an och automatesch eng Physiotherapie mécht." An all Dag géing et besser goen, erzielt d'Constanze Wagner weider.
"E ka selbststänneg opstoen. En hoppelt deelweis och scho selwer ronderëm. Hie geet bei säi Waasser, bei säi Gedrénks, freet sech moies, wa mir kommen, steet scho prett a waart dorop, datt mir en an d'Sonn bréngen. E frësst déi ganz Zäit. Jo, also et gi ganz grouss Chancen, datt en dat op all Fall packt." Donieft kritt den "Hot Wheels" nach Medikamenter.
Neit Doheem gesicht
Elo ass d'Risekanéngchen op der Sich no engem neien Doheem oder enger gudder Fleegeplaz. Et wier immens schéin ze gesinn, wéi en all Dag besser gëtt an d'Kanéngche sech an d'Liewen zréckkämpft, esou d'Déierefleegerin Wagner nach. "Mä nach méi schéin ass et natierlech, wann en en Doheem fënnt, well mir ersetze keen Doheem."

© Tierheim Dreherhof