Neie Rehabilitatiounszenter fir wëll Déiere geplangt

Déi al Fëscherei zu Fratin a seng Weiere ginn zum Rehabilitatiounszenter ëmgebaut. / © Luc Suriant
Et ass eng Erliichterung fir Déierefrënn: Am Süde vun der Provënz Lëtzebuerg gëtt e Rehabilitatiounszenter fir wëll liewend Déiere gebaut.
Bis ewell ginn et just 18 Stéck an der Wallonie, een zu Bréissel an néng a Flanderen. Am Gros dovu schaffe Benevollen a se ginn deels vun de Regioune subventionéiert. Et sinn awer déi eenzeg Strukturen, déi zougelooss a fir d'Versuergung vu wëllen Déieren ekipéiert sinn.
"De Projet geet op de Constat zréck, datt eis Provënz eng ländlech Regioun ass, räich u Bëscher an dowéinst och u wëllen Déieren. Et ass net ongewéinlech, blesséiert, verstéiert oder verwaist Déieren ze fannen, Vigel, déi aus dem Nascht gefall sinn oder net méi fléie kënnen. Paradoxerweis si mir déi Provënz mat de mannste Strukturen, déi sech ëm si këmmert. Et muss een nämlech bis op Hotton (oder zanter dem 1. Mäerz op Herbeumont) fueren, fir e blesséiert Déier ofzeginn", erkläert de Michel Gillard, Responsabele vun der Organisatioun "l'Arche de Lorraine". D'Organisatioun preparéiert sech aktuell dorop, de Projet ze leeden, deen duerch d'Acquisitioun vun der fréierer Fëscherei zu Fratin duerch d'Gemeng Etalle erméiglecht gouf.
Ouverture an engem Joer?
"D'Iddi ass, dës Déiereklinik am September 2026 opzemaachen", erkläert de Michel Gillard weider, dee sech bewosst ass, datt nach vill Aarbecht virun him läit an datt Main-d'oeuvre ëmmer wëllkomm ass. De Veräin wäert elo Mol aner änlech Organisatioune consultéieren, fir ze bestëmmen, wat genee gebraucht gëtt.
Virun allem soll de Fokus op Waasservigel leien, wärend gréisser Mamendéieren an Nout an en anere Rehabilitatiounszenter bruecht solle ginn, deen am Wëldpark zu Saint-Hubert gebaut soll ginn.
Et sief awer dorun erënnert, datt en europäescht Gesetz et verbitt, wëll Déieren iwwer Grenzen ze transportéieren. Wien zu Lëtzebuerg e blesséiert wëllt Déier fënnt, kann dëst op Diddeleng an d'Wëlldéierestatioun bréngen oder an eng vun hiren Dropoff-Statiounen zu Jonglënster, Nidderfeelen oder Clierf.
Méi Detailer zum Rehabilitatiounszenter zu Etalle fannt Dir am Artikel vun eise Kolleege vun RTL Infos.