An enger extrem opwenneger Operatioun hunn australesch Dokteren engen Meedchen aus Bangladesch, dat mat 3 Been gebuer gouf, gehollef.

Dat drëtt Been gouf ewech operéiert an den Ënnerleif rekonstruéiert. Dat klengt Meedchen kann elo endlech lafe a sprangen, wéi all normaalt Kand.

"Dat 3 Joer aalt Choity Khatun war immens ënnerernährt a konnt iwwerhaapt net richteg trëppelen", sou de Chris Kimber, ee vun den Dokteren. D'Meedchen war d'lescht Joer an Australien gereest, fir an der Monash-Kannerklinik behandelt ze ginn.

D'Choity hat just eng kleng Iwwerliewenschance, ier déi karitativ Organisatioun "Children First Foundation" aus Australien sech him ugeholl huet. En Zwilling war aus dem Becke vum Kand gewuess, ma et war just en Deel.

Ënner Vollnarkos hunn d'Dokteren am Virfeld Stonnen domat verbruecht, d'Choity z'ënnersichen an do gouf festgestallt, datt en Deel vum Daarm, d'Geschlechstdeeler an d'Gebärmutter duebel waren.

RTL

© AFP

Eleng d'Op ze plangen huet 3 bis 4 Méint gedauert. Net nëmmen, datt dat iwwerflëssegt Been huet missen ewech operéiert ginn, och déi duebel Organer hu missen eraus geholl, ofgetrennt an nees mat den aneren Organer am Kierper verbonne ginn.

Am November gouf dat indescht Meedchen vun 8 Dokteren operéiert. De gréisste Succès wier gewiescht, dass d'Meedchen elo net méi inkontinent ass. Him géif et relativ gutt goen, et hätt sech duerno awer nach erausgestallt, datt et hallef blann ass an dëst net korrigéiert ka ginn. Fir ze lafen an ze sprangen, ass dat awer keen Hinderniss.

D'Choity a seng iwwerglécklech Mamm Shima Khatun freeë sech elo zesummen an hir Heemecht an der Géigend vun Dhaka zeréck ze reesen, wou si ongedëlleg vum Papp erwaart ginn.