Vum Jimmy Kimmel ass een normalerweis excellenten Entertainment an Humor gewinnt. E Méinden huet hie sech awer vu senger emotioneller Säit gewisen.

A senger "Late Show" op der Chaine ABC konnt den Entertainer seng Tréinen awer net méi zréck halen, wéi hie vum Häerzfeeler vu sengem neigebuerene Jong geschwat huet, deen den 21. Abrëll op d'Welt komm ass.

Nieft dem ganz perséinlechen Deel vu sengem Plädoyer, huet hien och drop opmierksam gemaach, wéi wichteg et ass, fir eng Gesondheetsversécherung ze hunn. Virun der "Obamacare" wären d'Chancë grouss gewiescht, datt een nimools eng Gesondheetsversécherung hätt kënnen ofschléissen, wann een esou een Defaut gehat hätt, wéi mäi Fils, sou den Jimmy Kimmel.

Den Jimmy Kimmel ass an den USA ee vun de bekanntesten Animateuren an dëst Joer huet hien och d'Oscar-Zeremonie zu Los Angeles presentéiert. An deem Kader hat hie sech och direkt un den US-President Trump geriicht, deen "Obamacare" wëll ofschafen.

No der Sendung huet och de fréieren US-President Barack Obama sech iwwer Twitter zu Wuert gemellt. Et wär genee wéinst esou Fäll, wou een esou haart fir d'ACA (Affordable Care Act) gekämpft hätt.