15% Erwuessenen zu Lëtzebuerg vun Obesitéit betraff
De CHL an de CHEM hu e Sensibilisatioun-Dag ronderëm d'Obesitéit, oder wéi d'Medeziner soen: Adipositas organiséiert.
Den Dr. Nikolaus Zügel aus dem CHEM ass schonn zanter 2003 Visceral-Chirurg zu Esch an zu sengem Spezialgebitt, dem Gedäerms, zielt eben och d'Adipositas-Chirurgie.
Hie seet, dass een de Problem vun alle Säiten upake muss, sou wéi et am spezialiséierte Centre médico-chirurgical och geschitt. De chirurgeschen Agrëff ass nëmmen een Element vu villen.
D'Kollege vun Tëlee Lëtzebuerg waren am Kader vun der Journée de l'obésité am CHL.
Informatiounen zur Obesitéit an eng personaliséiert Orientatioun krut een um Mëttwoch um europäeschen Dag vun der Lutte géint d'Obesitéit vun de Fachleit am CHEM zu Esch.