#NoTaxTampon: Lëtz make it happen...
Planning Familial fir manner TVA bei Fraen-Hygiènesartikelen
Frankräich huet schonn eng Tampon-Steier. Hei zu Lëtzebuerg soll d'TVA och erof goen.
De Planning Familial lancéiert en neien Ulaf, fir datt och hei am Land d'TVA vu 17% op weiblechen Hygiènesartikelen, wéi Tamponen oder Binden erofgeet. Medikamenter, Kondomer oder Waasser hunn hei am Land en extra-reduzéierten Taux vun 3%. Cola, Fudder fir d'Déieren oder Bicher och. Mä déi weiblech Hygiènesartikelen ginn net als "Produits de première necessité" ugesinn. Déi Absurditéit wëll de Planning änneren.
Am meeschte gelies