52kg pro Awunner pro Joer, sou vill Plastik consomméiert all Lëtzebuerger Resident, Eurostat no. De Grand-Duché schneit éischter schlecht am EU-Ranking of.

Fir vläicht en anert Beispill ze nennen: EU-wäit ginn an der Moyenne am Joer 1 Milliard Plastikstute verbraucht. Dat sinn der 190.000 an der Minutt! Eng enorm Quantitéit Plastik, déi och dofir suergt, datt eis Natur verknascht gëtt an och fir de Mënsch am Endeffekt alles anescht wéi gesond ass. Mä de Plastik ass bëlleg hierzestellen an et kritt een en och an alle méigleche Formen a Faarwen. A genee aus deem Grond ass en och fir d’Industrie esou attraktiv. D’Offer ass enorm an dacks denken d’Leit och net weider beim akafen driwwer no a gräifen zou.

Eis RTL-Journalistin Deborah Ceccacci huet sech mat där Thematik méi intensiv ausernee gesat an huet sech d’Zil gesat, 10 Deeg laang ganz op Plastik ze verzichten, mam Zil erauszefannen, wéi einfach oder schwéier dat an eiser Gesellschaft vun haut ass.

Bis Enn 2018, dierfe beispillsweis keng gratis Plastikstute méi ugebuede ginn. Bis op déi ganz dënn, déi ee kennt aus dem Uebst- a Geméis Rayon. Domat wëll ee bei der Consommatioun vun dësen Tute vun aktuellen 140, op 90 Tute bis 2019 pro Awunner pro Joer erofgoen. Respektiv sollen et der bis 2025 souguer nëmme méi 40 pro Kapp pro Joer sinn.

Mä domat eleng ass et net gedoen. Dat huet och eis Journalistin an hirem Selbstversuch gemierkt. Ganz ouni Plastik ass hautdesdaags praktesch onméiglech, dofir fënnt een es an ze villen Alldag-Objeten. An en ze reduzéieren, ass och en Challenge fir sech. Et muss ee ganz bewosst domat ëmgoen, komplett ëmdenken a ganz dacks och op munches verzichten. Mä et ginn duerchaus alternative fir alles.

Wéi eng dat sinn? Wéi den Alldag ouni Plastik kann ausgesinn? A wéi de Selbstversuch ausgaangen ass, gesitt Dir am Reportage den Owend um 19 Auer am Magazin. Wou Dir do dernieft och gewuer gitt, wisou de Plastik eigentlech esou schiedlech fir de Mënsch ka sinn, an eng Lëtzebuergerin kenne léiert, déi hiert Liewe scho ronn 3 Joer ouni Plastik lieft.

AJOUTE:

Den 2. Juni ginn europawäit iwwer 100 "Plastic Attac"-Aktiounen organiséiert, zu Lëtzebuerg och an der Belle Etoile.

De Sënn vun esou enger Campagne, dat krute mer iwwer Feedback matgedeelt, wier:

1. op d'Problematik vun enger Plastiksiwwerproduktioun, speziell wat d'Verpackungen ubelaangt, opmierksam maachen
2. Drock ze maachen, datt d'Fournisseuren no enger méi ëmweltfrëndlecher Verpackungsalternativ sichen