
1997 ass d’Jeanne Calment am Alter vun 122 Joer zu Arles a Frankräich gestuerwen. Si gëllt bis haut als eelste Fra vun der Welt a steet och am Guiness Buch vun de Rekorder. Mä ass dat och tatsächlech richteg? Zwee russesch Wëssenschaftler zweiwelen dorunner a mengen et wier éischter der Jeanne Calment hir Duechter Yvonne, déi deemools mat 99 Joer gestuerwe wier.
De Grond dofir kéint d’Ierfschaftssteier sinn, déi d’Yvonne 1934 hätt wëllen evitéieren an dofir hätt se deemools d’Identitéit vun hirer Mamm ugeholl, déi eventuell un enger Rippenfellentzündung gestuerwe wier.
De russesche Mathematiker Nikolai Sak huet der Geschicht vun der Fra, déi den Härgott anscheinend vergiess hat, wéi d’Jeanne Calment ëmmer de Geck gemaach huet, ni getraut. Zesumme mam Gerontolog Waleri Nowoselow huet hie méintlaang Biografien, Fotoen, Interviewen, Reportagen analyséiert a war och an d’Archive vun der Stad Arles nofuerschen. Dobäi koum hien zur Konklusioun, datt déi Fra, déi 1997 gestuerwen ass, onméiglech kéint d’Jeanne Calment sinn.
D’Resultater vu senger Recherche kann een op Research-Gate noliesen. Do schreift hie vu 17 Indicen, déi seng Theorie beleeën. Een ass eng Kopie vun der Carte d’Identité aus den 30er Joren, do stéing bei Kierpergréisst an Aefaarf eppes aneres, wéi dat, wat herno beim Jeanne Calment richteg gewiescht wier. Aner Fotoe ware vun deemools net ze fannen, goufe wuel zerstéiert.
Och den Zoustand vun de Muskelen hätt net mat deene vu Mënschen an engem ähnlechen Alter iwwereneegestëmmt, seet den Dr Nowoselow. Si konnt ouni Hëllef riicht sëtzen an hätt keen Unzeeche vun Demenz gehat.

De Rapport vun den zwee Wëssenschaftler gefält awer net jidderengem. De franséische Gerontolog Jean-Marie Robine, deen un der Iwwerpréiwung vun den Donnéeë fir d’Guiness-Buch bedeelegt war, sot, hien hätt ni un der Authentizitéit vun den Dokumenter gezweiwelt a geheit de Russe vir, si haten d’Fakten, déi fir dat laangt Liewe schwätzen, net zeréckbehalen.
Och de fréiere Buergermeeschter vun Arles, de Michel Vauzelle, hält déi nei Theorie fir komplett onméiglech a lächerlech. D’Jeanne Calment wier ëmmer vun Doktere suivéiert a betreit ginn.
Nom Doud vum Jeanne Calment war keng Autopsie gemaach ginn. De Chef vum franséischen Institut fir demographesch Studien Nicolas Brouard fënnt d’Recherche vun de Russen, awer intressant. Hien hat schonn no hirem Doud bedauert, datt keng Autopsie gemaach gouf, fir d’Grënn vun deem laange Liewen z’analyséieren.
Op d’Iddi, sech méi mam Jeanne Calment ze befaassen, koum de Sak, well hien un engem mathematesche Modell fir d’Längt vum Liewen vu Mënschen iwwer 100 Joer recherchéiert. Wat e méi recherchéiert huet, wat e méi Widderspréch fonnt huet. Op d’Iddi, datt et sech kéint ëm e Fall vun Assurance-Bedruch handelen, koum hien, wéi hien e franséischt Buch zu deem Thema aus dem Joer 1997 gelies huet.
Fir den Nowoselow ass et wichteg, datt d’Geheimnis ronderëm den Alter vun der Jeanne Calment opgeléist gëtt. “Fir Altersfuerscher ass den Numm Jeanne Calment e Symbol. Hiren Numm taucht an alle Recherchen op.
Wa sech géif erausstellen, datt dat mam Jeanne Calment net richteg wier, wier d’Amerikanerin Sarah Knauss déi eelste Fra vun der Welt. Si ass 1999 mat 119 Joer gestuerwen.