An Israel
Fuerscher hunn eng éischte Kéier en Häerz am 3D-Printer produzéiert

De Fuerscher aus Israel ass et gelongen, e Prototyp vun engem Häerz aus mënschlechen Zellen hierzestellen.
Et ass Rieds vun engem grousse Fortschrëtt am Kampf géint Häerz-Kreeslaaf-Krankheeten a géint d'Riskuen, datt de Kierper en transplantéiert Häerz als Friemkierper ofstéisst.
Et war zwar scho virdrun gelongen en Häerz am 3D-Drocker nozebauen, mä nach ni mat Zellen a Bluttgefässer. Et ass och déi éischte Kéier, dass d'Material fir den Drock vum Patient selwer koum.
D'Häerz gouf am Uni-Laboratoire vun Tel-Aviv verëffentlecht. Et huet d'Gréisst vun enger Kiischt, huet wéi gesot Blutgefässer an Häerzkummeren, ass awer nach komplett onbeweeglech.
Am meeschte gelies