Psychesch Erkrankungen zielen ëmmer méi als Ursaach fir d'Beruffsonfäegkeet vun de Leit.

De Liewensversécherer Swiss Life huet laut eegenen Auswäertungen deklaréiert, dass psychesch Krankheete wéi Burnout oder Depressiounen an deene leschten 10 Joer zu den Haaptursaache fir Beruffsonfäegkeet zielen. 2009 waren et just 26,6 Prozent, 2018 waren et der scho 37. Zanter Jore stinn dës Krankheeten op Platz Nummer 1 vun den Ursaache virun de beweegungsaschränkende Krankheeten an den Accidenter, woubäi Kriibserkrankungen nëmmen an 9 Prozent d'Ursaach gewiescht sinn.

Wéi dës Auswäertunge vu Swiss Life nach erginn, si Frae mat 40 Prozent däitlech méi vu psychesche Krankheete betraff wéi Männer, do läit den Undeel bei 28 Prozent. Jonk Männer sinn dogéint ëfters d'Affer vun Accidenter, wou dëst hir Haaptursaach fir d'Beruffsonfäegkeet ass. Allgemeng soll Berechnungen no all Véierten a sengem Aarbechtsliewen de Beruff aschränken oder souguer wiesselen.