Déi spéider gutt Leeschtung vum Kand an der Schoul kann enger aktueller Etüd no gefërdert ginn. Et hänkt just dovun of, wat déi schwanger Fra ësst.

Bei enger aktueller Etüd vum Barcelona Institute for Global Health gouf festgestallt, dass wann zukünfteg Mamme wärend der Schwangerschaft Nëss iessen, sech dat positiv op d'Denkleeschtung an d'Gediechtnes vum Kand auswierkt. D'Resultat vun der Etüd gouf am "European Journal of Epidemiology" verëffentlecht.

D'Etüd beleet, dass de Konsum vun Nëss, besonnesch am éischtem Drëttel vun der Schwangerschaft, déi geeschteg Fäegkeet vum Puppelchen erhéicht. Dëse Prozess schéngt duerch, an den Nëss enthale Folsaier a Fettsaieren ausgeléist ze ginn, sou d'Fuerscher. Et gëtt recommandéiert, dass schwanger Fraen ongeféier 3 Handvoll Nëss pro Woch, also 90 Gramm, an en éischten 3 Méint vun der Schwangerschaft iesse sollen. Besonnesch gutt sinn Hackernëss, Mandelen, Piniekären an Hieselnëss.

2.200 Mammen an hir Kanner goufe fir dës Etüd ënnersicht. Dobäi hunn d'Mamme misse Froebéi ausfëllen zu hiren Iessgewunnechten an hiren Nowuess huet misse verschidde Prüfunge meeschteren. Bewäert goufen d'Denkfäegkeet, d'Opmierksamkeet an d'Gediechtnes am Alter vun 18 Méint, 5  an 8 Joer.

Déi Kanner, bei deenen d'Mammen am éischten Trimester déi meescht Nëss giess hunn, koumen déi beschte Resultater eraus.

D'Gehir duerchleeft wärend der Schwangerschaft eng Rei komplex Prozesser. Dat bedeit, dass d'Ernärung vun der schwangerer Fra en decisive Faktor fir d'Gehirentwécklung vum Fötus ass a laangfristeg Auswierkunge kann hunn.

Folsaier a besonnesch déi essentiell Fettsaiere wéi Omega-3 an Omega-6 neigen dozou, sech am sougenannten Neuralgewebe unzesammelen, besonnesch am Beräich vun der Stir, déi d'Gediechtnes an déi ausféierend Funktioune beaflossen. Donieft ass jo scho bekannt, dass Nëss och de Risk fir Blutthéichdrock an Diabetis reduzéieren an am Alter virum geeschtege Verfall schützen.

Iwwregens den Nosskonsum an de leschten 3 Méint vun der Schwangerschaft huet nëmme wéineg Afloss op déi spéider Intelligenz vum Kand.