D'Zuel vu Leit, déi Gonorrhoe, besser bekannt als Tripper, kréien, ass an de leschte Joren staark geklommen. Fuerscher hunn elo de Grond fonnt.

Bis ewell ass een dovun ausgaangen, dass sech Tripper just bei sexuellem Kontakt iwwerdréit. Eng aktuell Etüd, déi an der Zäitschrëft "Sexually Transmitted Infections" an am "British Medical Journal" verëffentlecht gouf, schwätzen australesch Fuerscher elo vun engem Risikofacteur duerch Knuutschen.

Fir hir Etüd hunn d'Wëssenschaftler d'Donnéeën tëscht 2016 an 2017 vun homo- a bisexuelle Männer gesammelt. Iwwer 11.000 Persounen hunn dofir eng kuerz Ëmfro zu hire sexuelle Praktike beäntwert. Dovu goufen d'Donnéeë vu 4.643 Männer ausgewäert. Bei ronn 6% vun hinne gouf eng oropharyngeal Gonorrhoe festgestallt. Bei de betraffene Männer, déi wärend dem Geschlechtsakt net geknuutscht hunn, war d'Zuel méi kleng.

Deemno si Mënsche mat oder och ouni Geschlechtsverkéier der Gefor ausgesat, d'Geschlechtskrankheet opzerafen. Do geet kësse schonn duer fir eng Infektioun.

Bis ewell gouf d'Benotze vu Kondomer recommandéiert, fir sech viru Gonorrhoe ze schützen. Ma elo soll scho kësse mat Zong eng Gefor duerstellen, déi u sech bal net ze vermeiden ass. Et heescht deemno oppassen, wann d'Knuutsche mol méi hefteg ausfält.

Besonnesch bei homosexuellen a bisexuelle Männer ass dës Krankheet dacks méi verbreet, ma och bei Persoune mat e puer Geschlechtspartner oder am Beräich vun der Prostitutioun kënnt d'Krankheet méi vir, wéi beim Rescht vu der Populatioun.

Weltwäit infizéiere sech der Weltgesondheetsorganisatioun WHO no all Joer 78 Millioune Mënschen u Gonorrhoe, enger Krankheet, déi am Normalfall net déidlech verleeft. Si kann awer Komplikatioune wéi eng Bluttvergëftung oder Onfruchtbarkeet ervirruffen. Donieft erhéicht et de Risk vun enger HIV-Iwwerdroung.

An de leschte 5 Joer ass d'Zuel vun Infizéierten ëm 63% geklommen, besonnesch bei heterosexuelle Fraen a Männer, déi a Groussstied liewen. Tëscht 2012 an 2016 ass d'Zuel vun nogewisene Gonorrhoe-Infektioune bei de Männer ëm 72% geklommen, bei de Fraen ëm 43%.

D'Tripper-Bakterie befale virun allem d'Schläimhait vun den Harnweeër an de Geschlechtsorganer, ma dacks och eis Bindehaut vun den Aen, den Daarm an d'Strass. Meeschtens dauert et nom Ustiechen 1 bis 3 Deeg, bis sech déi éischt Symptomer weisen.

Männer entwéckele bei enger Infektioun eng Harnröhrenentzündung mat giel-gréngem Ausfloss, déi immens wéi deet. Bei Fraen ka Gonorrhoe d'Harnweeër ugräifen a sech vun do aus weider ausbreeden. E weidere Problem ass, dass ëmmer méi Tripper-Stämm resistent géint Antibiotike sinn.