Fir richteg monter ze ginn, brauchen déi meeschte Leit Kaffi. D'Experte si sech awer net richteg eens, ob en gesond oder ongesond ass.

Latte Macchiato, Cappuccino, Espresso oder ganz normale Kaffi, dem Choix si keng Grenze gesat. Virun allem moies gëtt de Kaffi gär gedronk, fir méi séier a Schwong ze kommen. Ma ob en tatsächlech gesond, respektiv ongesond ass, war laang net kloer. Mëttlerweil soll de Kaffi méi gesond sinn, wéi ugeholl.

Eng rezent Etüd huet elo gewisen, dass et beim Kaffi op d'Quantitéit ukënnt, vu wéini un et ongesond ass. Fuerscher aus Australien hu festgestallt, vun der wéi villter Taass de Kaffi sech negativ op eis Gesondheet auswierkt. D'Etüd huet virun allem gewisen, dass Kaffi ënnert anerem gutt fir d'Häerz ass an de Risk fir Daarmkriibs reduzéiert.

D'Fuerscher vun der University of South Australia hunn och den Zesummenhang tëscht laangfristegem Kaffikonsum an Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen ënnersicht. Der WHO no sinn dës Erkrankungen nämlech nach ëmmer déi heefegst Doudesursaach weltwäit, zielen awer zu deene Krankheeten, déi een am beschte vermeide kann. Par Rapport zum Kaffi, konnten d'Wëssenschaftler confirméieren, dass ze vill Koffein effektiv fir héije Bluttdrock suergt, engem Virleefer fir Häerzkrankheeten.

Der Etüd no muss ee 6 Tase Kaffi oder méi pro Dag drénken, fir dass et gesondheetsschiedlech ass an de Risk fir Häerzerkrankungen esou ëm bis zu 22% méi héich sinn.

D'Resultater vun der Etüd goufen am "American Journal of Clinical Nutrition" verëffentlecht.