Den Amerikaner Sam Childers setzt sech fir Weesekanner an Ostafrika an. Viru bal 24 Joer huet hien d'Organisatioun Angels of East Africa gegrënnt.

Sou konnt hie schonn dausende Kanner hëllefen. Hien huet Schoule gebaut a bedreift 4 Weesenhaiser. Séi Liewe war awer net ëmmer esou.

Mat 14 Joer huet hien déi éischte Kéier haart Droge geholl an ass op d'schif Bunn komm. Eegenen Aussoen no huet hien dunn zu Gott fonnt a säi Liewen dramatesch geännert. Mëttlerweil ass seng Geschicht verfilmt ginn, dat mam Gerard Butler an der Haaptroll. Hien hält reegelméisseg Virträg viru Jugendlechen, a Prisongen oder Entzuchskliniken.