D'WHO schätzt, datt aktuell knapp 40 Millioune Mënsche weltwäit mam HI-Virus an hirem Kierper liewen, all siwente weess dëst awer net.

HIV kann een nach ëmmer net heelen, ma duerch nei performant Traitementer kann d’Immunsystem esou a Form gehale ginn, datt een net méi an den Aids-Stadion kennt an un de Suitte vun der Krankheet stierft. Statistesch ginn zu Lëtzebuerg ronn 100 Nei-Infektiounen d’ Joer festgestallt, d’Donkelziffer ass méi héich.

VIDEO: Positiv. Liewe mat HIV
100 nei positiv Fäll pro Joer. E Mëttwoch den Owend gëtt et am Magazin e längere Reportage iwwert HIV an Aids.

Ufank den 80er Joren ass an den USA eng nei Krankheet ausgebrach. D‘Krankheetsbiller waren zum Deel ganz ënnerschiddlech, deemools sinn d‘Doktere vun engem Virus ausgaangen, deen d‘Immunsystem ugegraff huet. Et huet e puer Joer gedauert, bis d’Wëssenschaftler de den HI-Virus detektéiert hunn.

Mëttlerweil sinn iwwer 35 Millioune Mënschen un de Suitte vun enger HIV-Infektioun gestuerwen. Estimatioune vun der Weltgesondheetsorganisatioun no liewen den Ament knapp 40 Millioune Mënsche mam Virus am Kierper. Eng vu 7 Persoune géif dat net wëssen.

Aus dem nationalen HIV an Aids Aktiounsplang fir d‘Joren 2018 bis 2022 geet ervir, datt an de leschte Joren zu Lëtzebuerg Tendenz éischter déi war, dat d‘Zuel vu bekannten Nei-Infektiounen an d‘Luucht gaangen ass.

D‘Regierung huet fir di nächst Joren zwee konkret Ziler definéiert: Nei Infektioune sollen esou gutt et geet verhënnert ginn. An d Liewensqualitéit vun de Leit, déi infizéiert sinn, misst iwwert déi nächst Jore verbessert ginn.

Wichteg wier hei virun allem, datt een, wann een engem Risiko ausgesat war, esou séier wei méiglech gewuer gëtt, ob een infizéiert ass oder net.