Sensatioun am Berliner Zoo - Éischt Gebuert vu Panda-Zwillingen
© AFP
Zu Berlin gëtt direkt duebel gefeiert: Net een, mä direkt zwee kleng Bieren hunn d'Liicht vun der Welt erbléckt.
Dëst ass déi éischte Kéier, dass Panda-Nowuess an engem däitschen Zoo op d'Welt komm ass. D'Freed vun de Mataarbechter ass deementspriechend grouss.
"D'Meng Meng ass Mamm ginn - zwee Mol! Mir sinn esou glécklech, eis feelen d'Wieder", sou de Berliner Zoo op Twitter. Et ass souguer schonn e Video verëffentlecht ginn, an deem déi frëschgebake Mamm ze gesinn ass, wéi se ee vun hire Klenge fiddert.
De Samschdeg den Owend um 18:54 Auer ass den Éischten op d'Welt gesat ginn. Um 19:42 Auer ass den Zweeten dunn nogerëtscht. 136 an 138 Gramm weit de Berliner Nowuess. Wéi et heescht, géingen d'Bëbeeën nach net wéi Pandabieren ausgesinn: Béid si winzeg, rosarout an hunn e liichte wäisse Flom.
D'Schwangerschaft huet am Ganzen 147 Deeg gedauert. Eréischt eng Woch virun der Gebuert konnt mat Sécherheet festgestallt ginn, dass Nowuess ze erwaarde wier.
Déi jonk Panda-Damm, déi fir d'éischte Kéier Mamm ginn ass, soll sech virbildlech verhalen hunn, deelt den Zoodirekter Andreas Knieriem mat. Fir net ze ënnerkillen, missten déi Kleng ufanks all zwou bis dräi Stonne Mëllech drénken.
Och wann déi dräi an nächster Zukunft net an der Ëffentlechkeet wäerten ze gesi sinn, wäert de Jiao Oing, de Papp, de Visiteure weiderhin e Laachen an d'Gesiicht zauberen. D'Panda-Männercher sinn nämlech net involvéiert an d'Opzuucht vun den Déieren.
D'Meng Meng an de Jiao Oing begeeschteren d'Déierefrënn zanter 2017 zu Berlin. Fir der Famill weiderhin en aartgerecht Doheem bidden ze kënnen, hale sech China an Däitschland un e Pandabier-Ofkommes. De Berliner Zoo bezilt 13,4 Milliounen Euro, fir d'Déiere 15 Joer laang dierfen ënnerzebréngen. Mat dëser Zomm gëtt e Programm a China finanzéiert, dee sech mam Aarteschutz an der Panda-Fuerschung beschäftegt. Bis elo si schonn dräi Pandaen op dës Manéier an Däitschland komm. Ee vun hinnen, de Bao Bao, ass 2012 am Alter vu 34 Joer zu Berlin gestuerwen.
Zur Zäit ginn et just nach 1.864 Pandaen op der ganzer Welt. Méi wéi 400 dovu liewen an Zooen, fir si virum Ausstierwen ze retten.