Zwou nei Fräschen-Aarte goufen entdeckt
© Rainforest Partnership/AFP/Pablo VENEGAS
Am peruaneschen Amazonasgebitt goufen zwou nei Zorte Fräschen entdeckt.
Déi kleng Amphibië mat roudelzeger Faarf goufe virun e puer Wochen am Nationalpark Yanachaga Chemillén, op enger Héicht vun 3.280 Meter, an der Regioun Pasco am Zentrum vu Peru identifizéiert, wéi d’Naturschutzautoritéiten en Dënschdeg matgedeelt hunn.
D’Entdeckung ënnersträicht d’Wichtegkeet vun de Bëscher an de fragillen Ökosystemer vum Nationalpark, an deem eng grouss Aartevillfalt doheem ass.
Déi zwou Amphibien, déi Phrynopus manuelriosi an Phrynopus melanoinguinis genannt ginn, charakteriséiere sech duerch eng rout-schwaarz Faarf a kleng Kniet op den Aendeckelen. D’Fräsche sinn tëscht 11 a 27 Millimeter grouss.
Den Nationalpark Yanachaga Chemillén erstreckt sech iwwer 122.000 Hektar an ass bekannt fir seng grouss Biodiversitéit, mat méi wéi 600 Vullenaarten an enger grousser Zuel u Amphibien.