E Bléck hannert d'Kulisse vun der Produktioun
Virum Start vun der zweeter Staffel den 3. November huele mir iech mat hannert d'Kulisse vun eiser Emissioun "Gepëspers um Späicher".
Vum 3. November u gëtt nees gepëspert um Späicher! Da start nämlech déi zweet Saison vun der Emissioun, an där d'RTL-Journalistin Annick Goerens mat hiren Invitéeën op hir Kandheet a Jugend zréck kuckt.
An néng Episode vu ronn 20 Minutte gëtt een also méi iwwer de Parcours vun de Gäscht gewuer. Wien oder wat huet si zu där Persoun gemaach, déi si haut sinn? Där Fro geet d'Annick Goerens op de Grond, déi een eigentlech vun den Noriichten um Radio kennt.
"Och wann ech verschidde Personnagen net grad esou upake wéi ech se als Invité um Radio géif upaken – ech gi jo hei e bësse méi douce ran – mee dat mécht mir awer iergendwéi Spaass", sou d'Annick Goerens hannert de Kulisse vun der Emissioun. Vu Schauspiller iwwer Politiker bis Sportler – d'Invitéeë kommen aus de verschiddenste Beräicher – an all Eenzele géif flott Anekdoten a Geschichte matbréngen.
Ma op ee Gespréich huet d'Annick sech an dëser zweeter Staffel besonnesch gefreet. "Wat mech am meeschten interesséiert huet, dat war deen Invité iwwert deen ech am mannste privat konnt erausfannen – dat war de Gerard Lopez. Hien huet op meng Froen ëmmer gutt reagéiert an huet eng ganz interessant a mënschlech Säit gewisen. Dofir hunn ech deen Interview ganz spannend fonnt."
Den 3. November geet et lass mat der éischter vun néng Episoden, an där d'Désirée Nosbusch den Optakt mécht an an der Fotell Plaz hëlt. "Gepëspers um Späicher" leeft dann ëmmer Méindes um 19 Auer am Plaz vum Magazin. Am Video-Reportage lëfte mir all d'Geheimnisser ronderëm d'Produktioun vun der Sendung a léieren d'Ekipp kennen, déi dohannert stécht!
All d'Episode vun der éischter Staffel fannt Dir um RTL Play.