Japan setzt Zaldoten an, fir déidleche Bierenattacke Meeschter ze ginn
© HIDENORI NAGAI / YOMIURI / THE YOMIURI SHIMBUN VIA AFP
Japan huet zanter Abrëll mat ongewéinlech villen déidleche Bierenattacken ze kämpfen. Elo soll de Militär dobäi hëllefen, der Situatioun Meeschter ze ginn.
D'Regierung huet Zaldoten an déi Regioune geschéckt, déi am stäerkste vun den Attacke betraff sinn. Dës wiere mat Anti-Biere-Spray, Matraquen, Schutzschëlder an Netz-Werfer equipéiert, heescht et vum Verdeedegungsministère. D'Zaldoten hätten awer keng Waffe bei sech a si sollen och keng Juegd op d'Biere maachen. Si sollen hëllefen, Falen opzestellen. Ausserdeem solle si Bieren, déi agefaange goufen, transportéieren.
E Mëttwoch goufe 15 Zaldoten op Kazuno geschéckt, fir do eng Fal ze installéieren. D'Stad läit an der Regioun Akita am Norde vu Japan, déi besonnesch uerg vun den Attacke betraff ass.
D'Regierung vun der neier Premierministesch Sane Takaichi war d'lescht Woch wéinst der sougenannter Biere-Kris fir eng exzeptionell Sëtzung zesummekomm. Bis Mëtt November soll e komplette Mesurëpak presentéiert ginn. An der Diskussioun ass ënner anerem den Asaz vu Jeeër, fir de Fall, dass Bieren a Wunngéigenden andréngen.
A Japan kënnt et zanter e puer Joer méi dacks zu Renconteren tëscht Bieren a Mënschen. Dat ënner anerem, well d'Déieren ëmmer méi dacks a Wunngéigenden opdauchen. Ee Grond dofir wier de Klimawandel. Duerch déi méi héich Temperaturen géif d'Narung vun de Biere méi knapp ginn.