De Cyril Molard vum "Ma Langue Sourit" ass de Kach vum Joer
Ausserdeem goufe fir Lëtzebuerg nach 9 aner Vertrieder vun der héijer Gastronomie ausgezeechent.
Gault&Millau huet dëst Joer een extra Guide iwwer Lëtzebuerg “ A Taste of Luxembourg “ erausginn op franséisch an englesch mat de beschte Restauranten, Brasserien awer och Baren a Chocolaterien.
Den neie Guide vu Gault&Millau kënnt den 22. Oktober eraus.
Am Virfeld dovu gouf e Méindeg de Kach vum Joer geéiert: Am Grand-Duché geet den Titel "Chef de l'année" un de Cyril Molard, Chef a Proprietär vum Restaurant Ma Langue Sourit zu Mutfert.
Weider Auszeechnunge ware fir:
« Bar de l’Année »: Lady Jane
« Pop of the Year »: Pas Sage
« Pâtissier de l’Année »: Pierre Zhener (La Distillerie et Côté Cour)
« Sommelier de l’Année »: Claude Rameau (Pefferkär)
« Hôte de l’Année »: Sébastien Périé (L’Atelier Windsor)
« Nouveauté Remarquable de l’Année »: Thomas et Emeline Murer (An der Villa)
« Méditerranéen de l’Année »: Giuseppe Molinaro (Tailor’s Concept)
« Personnalité de l’Année »: Stéphanie Jauquet (Cocottes, Plateau, Tempo)
« Jeune Chef de l’Année »: Baptiste Heugens (Two6Two)
Am Gault&Millau sinn 150 Lëtzebuerger Restauranten ze fannen, dorënner 10 nei Adressen. An der neister Editioun vum Restaurant-Guide sinn och déi 18 "Best Bars" hei am Land am Repertoire.
MÉI IWWERT DE GAULT&MILLAU 2020 DEN OWEND AM MAGAZIN AN DUERNO HEI OP RTL.LU