"Tourists with Kids" - sou nennt sech de Reesblog vum Valentina a vum Nicolas, déi virun engem Joer decidéiert hunn, fir op Rees ze goen.

D'Valentina an den Nicolas si virun 10 Joer vu Wien op Lëtzebuerg komm. Den Nicolas ass gebiertege Belsch an d'Valentina ass gebierteg Russin an ass mat 12 Joer aus Tschechien an Éisträich geplënnert. Kennegeléiert hunn déi zwee sech op der Uni zu Wien a sinn duerno fir d'Aarbecht op Lëtzebuerg komm. An virun engem Joer hu si decidéiert nees eng kéier ze plënneren. Klengt net aussergewéinlech - ass et awer...

D'Famill Stoops ass viru gutt engem Joer aus hirer grousser Wunneng zu Lëtzebuerg erausgeplënnert, eran an e Camper, dee grad emol 7 Quadratmeter huet. An dat zesummen mat 4 Kanner. 6,4, 2 Joer an 2 Méint al sinn déi zwee Meedercher an déi zwee Bouwen. Dofir ware se och grad nees zu fir 3 Méint zu Lëtzebuerg, well d'Mamm an de Bëbee e bëssi Rou gebrauch hunn. Ma ganz laang hellt et si net op enger Plaz.

Wou si grad dru sinn, dat fënnt een op hirem Blog.

De Reportage vum Fabienne Zwally op RTL Radio Lëtzebuerg.

© Valentina an Nicolas Stoops