Viru 14 Joer huet de Sven Fielitz ugefaangen, mam Ball ze jongléieren. Haut huet hie sech an der Futtball-Freestyle-Zeen een Numm gemaach.

Zesumme mat SOS Villages d’Enfants Monde huet de Sven Fielitz eng Spendenaktioun gestart, awer net ouni sech een Challenge ze setzen. Vun A op B mam Ball jongléieren. Wéi wäit, houng vun den Donateuren of. Wat se méi gespent hunn, wat de Sven méi wäit jongléiere misst. Wéi dat ausgaangen ass? D’Vidosava Kuzmic huet hien e Samschden dobäi begleet.

RTL

© Uli Fielitz Photography

Vum Kierchbierg bis op d’Plëss sinn et 4,3 Kilometer. Eng Streck, fir déi een zu Fouss op d'mannst 50 Minutte brauch. An dee Wee wëll de Sven Fielitz mam Ball zréckleeën, wa méiglech ouni e falen ze loossen. Eng Erausfuerderung, déi vill Konzentratioun fuerdert, virun allem ënnert éischter schwierege Wiederkonditiounen. De staarke Wand mécht et nämlech schwéier, präzis ze jongléieren.

Mat sengem Challenge ënnerstëtzt de Sven Fielitz d’Associatioun "SOS Villages d’Enfants Monde". De ganze Februar iwwer huet hie Spende gesammelt fir ee Projet am Irak. D’Zil ass et traumatiséierte Kanner a Familljen ze hëllefen. Wat also méi Suen erakommen, wat dem Sportler säin Trajet méi laang gëtt.

Mam Training huet hie viru ronn engem Mount ugefaangen. Ee- bis zweemol d’Woch ass hie mam Ball erausgaangen, fir sou wäit wéi méiglech ze jongléieren. Den Dag virum Challenge stoungen um Compteur vun den Done ronn 2.000 Euro, wat eng Streck vu 4 Kilometer bedeit. De Maximum wiere 5.000 Euro, also 10 Kilometer, déi hie jongléiere misst.

"Ech hu mer geduecht, wann déi 5.000 Euro zesummekommen an ech déi 10 Kilometer misst maachen, da wier dat een "heavy" Challenge. Dat géing mech wierklech u meng Limitte bréngen. Fir ee Kilometer brauch ech ongeféier 15 Minutten. Dat heescht wéi ech 4 Kilometer trainéiert hunn, do war ech schonn eng Stonn ënnerwee. Et gëtt och e bëssen, ech wëll net soen langweileg, mä et ass repetitiv. Du kënns an eng Trance eran a vergëss alles ronderëm."

Duerch seng jorelaang Erfarung kéint hie gutt jongléieren, et wier wéi wann ee géing trëppelen, et hätt een ebe just nach de Ball dobäi, esou de Sven Fielitz. Ustrengend wier et op Dauer trotzdeem, virun allem fir d’Aen a fir d’Genéck, well ee permanent erof op de Ball kuckt.

RTL

© Uli Fielitz Photography

D’Freestylen huet de Sven viru 14 Joer fir sech entdeckt. Mëttlerweil mécht hie weltwäit bei Competitioune mat, a verdéngt sech seng Sue mat Optrëtter, Workshoppen a Kooperatioune mat grousse Marken. Seng Elteren sti voll a ganz hannert him, och wann et um Ufank net esou einfach gewiescht wier, si vun dësem Sport ze iwwerzeegen. "Sie hunn drop gepocht, dass ech een anstännege Beruff léieren", verréit de Sven mat engem Schmunzelen.

Informatik wollt hien also no der Première studéieren, huet sech dunn awer fir e Studium am Filmberäich decidéiert, seng zweet Passioun.

"Filmer maachen ech zanter ech 15 Joer al sinn, vläicht souguer scho bëssi éischter. Ech krut do vu mengem Bopa eng Kamera geschenkt, an dunn hunn ech ugefaange meng Freestyle-Traininger ze filmen. A wann een natierlech Videoe mécht, muss een duerno och wëssen, wéi ee se zesummeschneit an e Video doraus mécht. Also hunn ech mech selwer do bëssi erageschafft an dat Thema."

Als präzis a kreativ beschreift de Sven Fielitz sech selwer, eppes wat sech och a senge Filmer an am Freestyle géing erëm spigelen. Mee e wier och éischter zréckhalend, seet en, obwuel en duerch de Freestyle heiansdo an der Ëffentlechkeet géing stoen.

"Freestyle huet mer bëssi Courage ginn. Ech war ëmmer een immens scheie Mënsch, an duerch de Freestyle hunn ech mech selwer fonnt an u Selbstbewosstsinn gewonnen."

An haut kann hie mat sengem Talent anere Leit hëllefen, notamment de Kanner am Irak. Säin Challenge vum leschte Samschdeg huet de Sven Fielitz nämlech erfollegräich ofgeschloss. Vue dass wärend der Aktioun nach Spenden erakomm sinn, huet hien nach puer Honnert Meter dru gehaangen a war no 5 Kilometer an annerhallwer Stonn fäerdeg. Zum Schluss ass een Total vun 2.905 Euro zesumme komm.

Am Virfeld vu sengem Challenge war de Sven Fielitz e Freideg den Owend Invité am Live! Planet People op der Tëlee.