Wann d'Quarantän an de Coronavirus d'Musek erueweren

© RTL Grafik
Vill Leit sëtzen aktuell a Quarantän a wa Kënschtler a Museker mat sech eleng sinn, kann dobäi mol e Lidd iwwert dës Zäit erauskommen.
Wéi ech och sëtzen aktuell vill Leit doheem an hunn Homeoffice oder verschiddener si souguer a Quarantän. Domadder ënnerstëtzte mir d'Situatioun, well mer d'Verbreede vum Virus méi lues maachen an esou deene Leit, déi dobausse mussen am Alldag fir eis schaffen, d'Liewe méi einfach maachen.Vun mir a menge Kolleege vun RTL dann och un all d'Leit am Gesondheetssecteur, d'Camionneuren, d'Personal aus de Liewensmëttelgeschäfter, d'Polizisten, d'Sekuristen, d'Sécherheetspersonal, all déi Benevollen, an all déi, déi ech elo vergiess hunn z'ernimmen, e grousse Merci fir ären Asaz, deen Dir all Dag bréngt. Ouni Iech kéint de System net méi funktionéieren a mir kéinten alleguerten dës Kris net iwwerstoen.
Awer elo zeréck zum Thema. De Coronavirus oder de Covid-19 huet d'Welt aktuell am Grëff an do ass et och net verwonnerlech, wann d'Kënschtler dëst Thema opgräifen, fir Lidder ze schreiwen oder ëmzeschreiwen, sief dat eescht, traureg oder witzeg.
Hei eng kuerz Oplëschtung vun eben esou Lidder, déi extra fir de Corona ëm- oder nei-geschriwwe goufen.
Corona-Musek aus Lëtzebuerg? Jo, vum Lynn Kraus, Cool Feet oder Lisa Mariotto
Déi jonk Musekerin huet d'Zäit vun der Quarantän genotzt, fir selwer e Lidd iwwert de Coronavirus ze schreiwen.
Lynn Kraus
Danzt elo all doheem | Coronavirus | Lisa Mariotto
Cool Feet Hausparty
SDP feat. Sido: Die Nacht von Freitag of Montag
Wie gären op Partyen geet, Stéchwuert Après-Ski oder Ballermann, dee kennt "Von Freitag auf Montag" von SDP. An der neier Versioun bleiwen d'Jongen awer doheem, amplaz Party ze maachen...
SDP: Die Nacht vun Freitag auf Montag (Corona Edition)
An hei dann eng Kéier d'Original
SDP feat. Sido: Die Nacht von Freitag auf Montag
Aus "My Sharona" gëtt "My Corona"
Deen Heite läit op der Hand an ass eventuell esouguer ze einfach an ze offensichtlech... An awer, e passt.
My Corona | A "My Sharona" Viral Anthem
An hei dann eng Kéier d'Original
The Knack - My Sharona (Official Video)
Alles ass ausverkaf, esou datt ee keng Desinfektioun méi kritt
D'Kolleege vum Rundfunk Berlin-Brandenburg hu sech mam Helge Oelert vu zibb zesummegedoen an e Klassiker vun de Rolling Stones coronaméisseg ëmgeschriwwen.
I Can't Get No (Desinfection) | zibb & radioeins
An hei dann eng Kéier d'Original
The Rolling Stones Satisfaction (I Cant Get No)
"Vincent" vum Sarah Connor an enger ganz neier Corona-Versioun
Eng jonk Sängerin, eng Gittar en Thema... Esou séier kann een op sech opmierksam maachen, wann een dat néidegt Talent huet.
diana_brb: Corona-Fieber
An hei dann eng Kéier d'Original
Sarah Connor - Vincent (Offizielles Musikvideo)
Simon and Garfunkel "Fight the Virus
Jo, nach e Klassiker, deen ëmgeschriwwe gouf. The Sound of Silence kennt wuel jiddereen an dofir trëfft et sech gutt, fir dat ze notzen an dem Virus de Krich z'erklären.
Corona virus 'Sound of silence parody by Simon & Garfunkel's
An hei dann eng Kéier d'Original
The Sounds Of Silence (Live) by Simon & Garfunkel
An Italien liewe mam Coronavirus
E Ghana mat italieneschem Pass ass den Hip-Hopper Bello FiGo, deen e Lidd iwwert de Coronavirus erausbruecht huet.
Bello FiGO - CoronaVirus
Vietnam: Wat géint Corona maachen?
Jo, ech weess, dat Lidd hei ass net wierklech an der Corona-Quarantän entstanen an awer passt et iergendwéi an déi Lëscht hei eran...
Ghen Cô Vy| NIOEH x K.HƯNG x MIN x ERIK | WASHING HAND SONG | CORONA SONG
Hutt Dir nach flott Videoen zum Thema fonnt, schreift eis se an de Comments dobäi