„Restart Tourism“ - dat ass d'Iwwerschrëft vum Plan de relance, deen den Tourismusminister Lex Delles en Donneschdeg de Moie presentéiert huet.

Ee Volet vun deem Plang ass den Tourismusfong, dee geschaaft gëtt, fir deene sëllegen Asblen a Syndicats d'initiative ze hëllefen, déi hei am Grand-Duché touristesch Attraktiounen an Infrastrukture geréieren an ënnerhalen. D'Maxime Gillen huet sech dowéinst op de Wee a Richtung Musel gemaach an eng ganz jonk Asbl getraff, déi dës Kris e bëssen ausgebremst huet.

Tourismusfong fir d'Baggerweieren / Maxime Gillen

Et ass kee wierklecht Baggerweier-Wieder. Den Himmel ass gro an ëmmer erëm falen e puer Drëpsen. Um Schwammweier hei zu Rëmerschen ass et entspriechend roueg. Just an der Keess sëtzen e puer Leit, sech zesummen d'Zäit ze verdreiwen, bis vereenzelt mol awer nach e Visiteur kënnt.

Méi lass, ass bei engem vu deenen zwee Fëscherweieren. Hei gëtt geknuppt, gebuert a gebotzt. D'Asbl Erliefnis Baggerweier ass hei am gaangen alles prett ze maachen, fir dass ganz geschwënn eng 15 Fëscher hei hirem Hobby kënnen nogoen.

Eng Asbl, déi eréischt e puer Wochen am gaange war mat schaffen, wéi de Coronavirus an Europa ausgebrach ass, wéi hiren Direkter Ramon Hemmer erkläert.

„Et war am Fong geholl virgesinn, dass mir den 1. Mäerz géife starte mat Erliefnis Baggerweier. Bedéngt duerch d'Corona-Pandemie si mir dunn natierlech ferm ausgebremst ginn.“

Bis ewell goufen d'Baggerweiere vun der Gemeng Schengen geréiert. Ma du koum de Ramon Hemmer mat der Iddi, fir de Site fir e soziale Projet ze notzen. Zesumme mam Peggy Vallado geréiert hien aktuell eng Ekipp vun 13 Leit.

„Eis war immens wichteg, eng Aarbechtsplaz ze schafen, déi fir jiddereen ass a kann eppes Passendes fannen. Hei zu Lëtzebuerg ass et dacks esou, wann een eng Kierperbehënnerung huet, da muss een do an deen Atelier protégé, wann een eng psychesch Behënnerung huet, da muss een do hin, wann elo en Handicap mental huet, da muss een an déi Institutioun. A mir wollten dat änneren. Mir wollten einfach eppes schafen, wou mir kucken, wat brauche mir, wat ass de Profil, wat stelle mer an, wat musse se kënnen an dass mir einfach net kucken, wat den Handicap ass, wat d'Behënnerung ass, mä just d'Capacitéite kucke vun de Leit, just kucken, wat kënnen se, wat kënne se léieren.“

Ma de Mee, deen eigentlech schonn e wichtege Mount fir d'Baggerweieren ass, feelt. An och elo am Juni, wou een huet dierfen opmaachen, leeft Corona bedéngt natierlech alles méi lues. De leschte Weekend hätt een normalerweis eng 6.000 Visiteuren den Dag gehat. Erlaabt sinn der aktuell awer just 1.000.

Nieft den Abousse bei de Recetten an de lafende Käschten, koumen dunn och nach déi ganz nei Hygiènes- a Sécherheetsmesuren derbäi.

„Déi ganz Pandemie kascht eis ganz vill Geld, wat de Fonctionnement ugeet. Duerch alleguer déi Restriktiounen, déi mir momentan hunn. Mir hunn de ganze Site missen ausschëlderen, mir hunn e missen ausgrenzen. Mir hu misse mobil Toiletten dohinner setzen. Mir hu missen extern Firmae chargéieren, déi eis dat Ganzt desinfizéieren an och elo gemäss Corona-Virschrëften elo esou an der Rei halen, dass mir konform sinn.“

Eng finanziell Hëllef iwwert den Tourismusfong kéim deemno net vu Muttwëll. Ouni d'Ënnerstëtzung vun der Gemeng an de Ministère géif et dëst Joer nämlech ganz enk ginn, esou de Ramon Hemmer. Ma hien hofft elo drop, dass och d'Lëtzebuerger an hirer Vakanz Doheem dëst Joer d'Baggerweiere fir sech entdecken an esou dës Summersaison no hannen eraus nach retten.