Zu Lëtzebuerg gëllt aktuell weider "Just an d'Ausland reesen, wann dëst essentiell ass".

Däitschland huet seng Reeswarnung fir verschidden europäesch Destinatiounen ëm Hallefnuecht erëm opgehuewen. Eng allgemeng Warnung, wéi eis däitsch Noperen, hate mir zu Lëtzebuerg net, allerdéngs gëtt zënter dem 16. Mäerz, vun all Rees ofgeroden, déi net essentiell ass.

No deene ville Wochen doheem, fänken d'Leit sou lues awer un, driwwer nozedenken, wéi a wou se de Summer wëlle verbréngen.

Tourismus a Covid-Zäiten / Reportage Dany Rasqué

D'Meenunge ginn allerdéngs den Ament nach auserneen. Déi eng Leit kënnen et kaum erwaarden, fir erëm an d'Vakanz ze fueren, anerer zécken nach a kucke léiwer, wéi sech d'Situatioun entwéckelt. D'Astellung vun de Leit hänkt bësse mam Alter zesummen, stellt d'Lydia Heinisch vun der ULT fest.

"Et hänkt natierlech bëssen dovunner of, wat fir e Client ass et? Ass et en eeler Client? Et gesäit een awer, datt déi jonk Clientèle natierlech vill reest an e bëssen aneschters reest. Éischter kleng Hotellen oder och individuell ënnerwee."

"Et ginn eng Partie nei Destinatiounen, déi mer de Leit ubidden", seet d'Lydia Heinisch a nennt d'Salzburger Land an Tirol. Donieft misst ee kucken, wéi eng Destinatiounen op sinn

"Däitschland, zum Beispill Schwarzwald, ass jo och ganz intressant. Do ass kee Problem. Éisträich ass opgaangen, Hollännesch Säit ass op, Belsch Plage sinn och verschidden Hotellen erëm op. Vum Juli u bidde mir och erëm e Buspendel un an och an Däitschland. Ëmmer mam Check, wat ass méiglech? Ass op? Wéi sinn d'Sécherheetsmoossnamen am Hotel?"

De Fokus, seet d'Lydia Heinisch vun der ULT, läit dëst Joer ganz kloer op Europa, och an deenen nächste Broschüren. Fir méi wäit Reesen, do misst een einfach nach ofwaarden.