Zanter dem 21. Juni ass den Alarmzoustand a Spuenien opgehuewen. 99 Deeg laang war deemno och d'Baleareninsel Mallorca fir Touriste gespaart.

Elo sinn d'Grenzen awer nees op an de leschte Freideg ass den éischte Fliger vu Lëtzebuerg op der Insel gelant. Mä dës Vakanz wäert wuel net sou sinn, wéi all déi Jore virdrun. Mondschutz am Fliger, vill Paperassen ausfëllen, Froen no der Gesondheet a Féiwerkontroll um Flughafen – dat alles hunn déi 74 Passagéier aus Lëtzebuerg gedëlleg iwwerstanen. Ma net just d'Fléien huet sech geännert, och sur place wäert d'Vakanz dëst Joer bësschen aneschters oflafen, erkläert de Lucien Faramelli, Vertrieder vu Luxair op Mallorca.

Lucien Faramelli: "Lo kommen déi éischt Clienten un. Fir eis ass et och e bëssche spannend. Excursioune sinn zum Beispill um Programm bei eis, awer net dee Choix wéi normal. Ech huelen un, dass mer do eng Kombi maache mat Rent-a-Car, fir dass et éischter Famillje sinn, déi dann op eege Fauscht d'Insel kucke kënne goen. Dat sinn déi wichtegst Ënnerscheeder vis-à-vis vun deenen anere Joren."

Fir d'Lëtzebuerger Touriste geet et mat grousser Virfreed direkt vum Flughafen an den Hotel. An och do ass de Mask virgeschriwwen. Zu Sa Torre an dem Axel a Frank hirer klenger Pensioun huet ee sech déi lescht Wochen och gutt op déi éischt Touriste virbereet.

Axel Dittrich: "Die Auflagen sind ähnlich wie vorher. Die Hygienemaßnahmen sind etwas höher, indem man jetzt natürlich drauf achten muss, auch öfter putzen muss, vor allen Dingen Metallgegenstände. Handdesinfektion ist wichtig für die Personen, die von draußen ins Gebäude reinkommen. Abstandsregeln im klassischen Fall brauchen wir hier nicht, weil man darf sich jetzt schon in der noch limitierten Zeit mit 15 Personen im Haushalt treffen. An diese 15 Personen kommen wir nicht ran, da wir nur 12 Gäste haben."

Fir den Axel sinn déi virgeschriwwen Hygiènesmoossnamen ouni Problemer ëmzesetzen. Fir déi grouss Hotel-Chaînë mat méi Mass u Leit dogéint ass et méi komplizéiert. Wéi vill Hotellen dëst Joer iwwerhaapt opmaachen, ass ongewëss. Dat selwecht gëllt och fir Restauranten a Caféen. Eng Ouverture mat wéinegen Touriste rentéiert sech fir vill Proprietären net.
Eent ass sécher: de Ballermann, wéi mer e vu fréier kennen, dee gëtt et dëst Joer esou net méi.

Zwar net um Ballermann, mä an hirer Residenz op Mallorca mécht déi spuenesch Kinnekskoppel Felipe an Letizia all Joer Vakanz. Leschten Donneschdeg ware si déi éischte Kéier op der Playa, fir mat Ministeren ze schwätzen a Reklamm fir den Tourismus-Secteur ze maachen. Jiddereen hofft op eng nei Normalitéit. An och de Lucien Faramelli ass iwwerzeegt, dass Mallorca trotz Aschränkungen eng Rees derwäert ass.

Lucien Faramelli: "Wa jiddereen op d'Hygiène oppasst – sou wéi doheem u sech och – da kann do net ganz vill geschéien. Hei sinn d'Sécherheetsmoossname ganz héich. Selwer si mir jo och hei vir Uert an do ass kee vun eis, deen déi geréngsten Angscht huet, ugestach ze ginn, net méi wéi zu Lëtzebuerg, op kee Fall. Ganz roueg Vakanz maachen, gemittlech. Nach méi entspaant, vläicht wéi normalerweis, vue dass iwwerall genuch Plaz ass fir jiddereen."