Jong vum Prënz GuillaumePrënz Paul-Louis schléisst Training op der Sandhurst Akademie of

RTL Lëtzebuerg
E Freideg geet den Training op der prestigiéiser Royal Military Academy Sandhurst an England op en Enn.
© Cour grand-ducale / Sophie Margue

De Besuch vun där Akademie ass eng laang Familljentraditioun. Als leschte war de jéngste Jong vum Grand-Duc Henri, de Prënz Sébastien, an der Sandhurst Academy an ass am Joer 2017 fäerdeg ginn. Dës Generatioun ass déi drëtt, déi do trainéiert huet.

De fréiere Grand-Duc Jean, de Grand-Duc Henri an den Ierfgroussherzog Guillaume hunn dës Militärakademie besicht. Elo zielt och den Neveu vum Grand-Duc zu de Sandhurst-Alumni.

Och aner Royals, wéi zum Beispill d’Prënze William an Harry vun England an Diplomaten a Politiker wéi de Winston Churchill waren do.

De Prënz Paul-Louis krut vum britteschen Ambassadeur zu Lëtzebuerg op Twitter gratuléiert.

Back to Top
CIM LOGO