D'Schong si vum Modell "Air Jordan 1 Highs" an de Michael Jordan hat déi wärend engem Match am Joer 1985 un.

Dat Joer hat de jonke Michael Jordan an Italien mat senger Ekipp d'Chicago Bulls een Testmatch gespillt, bei dem "His Airness" de Kuerf an de gliesene Panneau bei engem Dunk zerbrach hat. Spläiter vum Panneau sinn an der Suel vu senge Schong hänke bliwwen an sinn haut nach do.

D'Schong si versteet ginn a schlussendlech fir 615.000 US-Dollar verkaf ginn. Dat sollt dann och een neie Rekord sinn.

Schonn am Mee goufe Schong vum Michael Jordan fir 560.000 Dollar versteet, wat dunn de Rekord war. Bei deenen zwou Steeë goufen och direkt e puer Schong verkaf, obwuel déi aner Schong bei wäitem net op dem Präis koumen, wéi déi 2 aner Star-Modeller, déi den Jordan selwer wärend engem Match unhat . D'Stee soll tëscht 650.000 an 850.000 Dollar am Ganzen erabruecht hunn.

D'Popularitéit vum Michael Jordan ass net méi ze beweisen, zemools elo nodeems Netflix am Abrëll een Documentaire erausbruecht hunn, deen iwwert 10 Episoden d'Karriär vum pensionéierte Star-Spiller retracéiert. Den Documentaire hat ee Risenerfolleg weltwäit, soudass de Michael Jordan, deen normalerweis net vill an de Medien present ass, dëst Joer méi ze gesinn war.