Vun en Dënschdeg u stelle mer Iech reegelméisseg am Mag méi "aussergewéinlech" Beruffer vir.

Wat soll ech nëmme maachen a mengem Liewen? Eng Fro, déi jidderee sech fréier oder spéider schonn eemol gestallt huet. Ma sou séier wéi d'Fro gestallt ass, sou schwéier fält et verschiddenen, eng Äntwert drop ze fannen. Ma dobäi ginn et Beruffer, déi alles anescht wéi alldeeglech sinn a wou ee sech selwer ka verwierklechen. Mir stellen Iech all Dënschdeg am Magazin en aneren aussergewéinleche Beruff vir, wou Leit hei am Land hunn. Mir begleede si een Dag bei hirer Aarbecht, kucken hannert d'Kulissen a froen no, wéi si iwwerhaapt op d'Iddi komm sinn, fir grad dee Beruff ze maachen. A wie weess: Vläicht ass jo och een drënner, deen Iech inspiréiert.

An deen hei ass ee vun den eelsten op der Welt. Déi éischt Schéifer hätt et virun ongeféier 10.000 Joer an Asie ginn. An et ass e Beruff, an deem engem Kaméidi näischt däerf ausmaachen. An et muss ee sech bewosst sinn, dass een ni op där selwechter Plaz schafft. D'Fabienne Zwally war dee leschte vu senger Zort hei am Land besichen.

Zu Léiler, ganz uewen am Norde vum Land, ass dem Florian Weber säin Haff. Hei wunnt hie scho säi Liewe laang an deelt sech säin Doheem mat 800 Schof. Den Ament sinn der ronn 600 hei bannen. An dat net, well d'Wieder dobaussen ze kal oder ze schmuddeleg fir si ass, mee well elo grad eng ganz besonnesch Zäit am Joer ass. Quasi all Dag kommen, bis Enn Februar, kleng Schof op d'Welt an do brauchen déi frësch gebake Mamme grad méi Kraaft wéi soss.

De Beruff gëtt et schonn zanter Dausende vu Joren, ma d'Basis wier awer quasi ëmmer déi selwecht bliwwen. De Beruff vum Schéifer hätt net kënnen esou industrialiséiert ginn, wéi et am Rescht vun der Landwirtschaft de Fall ass an dofir géinge si och ganz dacks vergiess ginn.

Dobäi wéisste vill Leit net, wéi wichteg de Schéifer a seng Schof fir den Naturschutz sinn, net nëmmen hei am Land, mee am Allgemengen. Well et sinn d'Schof, déi déi verschiddenste Biotopen erhale kéinten.

6 Border Collien leeschten him dobaussen op der Wiss net nëmme Gesellschaft, mee si si seng gréisste Stäip. Ma si mussen awer och op hire Meeschter lauschteren, fir ze wëssen, wou si d'Schof sollen hiféieren. Zwee Joer dauert et, bis si forméiert sinn a bis si all Kommando verënnerlecht hunn. Dat gehéiert och zum Beruff vum Schéifer dozou. Si sinn dauernd dobäi, wann de Florian duerch d'Land zitt.
Am Summer geet hie schonn emol gäre 5 Kilometer den Dag an dat egal bei wéi engem Wieder. Et ass e kierperlech ustrengenden Job an och finanziell gesinn, wieren et net ëmmer einfach Zäite gewiescht.