Eng Fro, déi sech den Ament warscheinlech vill Leit stellen: "Wéini dierf een endlech mol nees an de Restaurant goen?".

Dat onendlecht An- an Ausraume vun der Spullmaschinn nervt an och d'Iddien, wat een da elo schonn nees soll kachen, ginn engem sou lues aus. Take-away oder Livraisoune si jo och schéin a gutt, ma wie géif net mol nees gär vun engem exzellente Chef bekacht ginn. Do gëtt et vun elo un eng Léisung.

Nämlech kann een elo iwwert een Internetsite sech säi Liblingsrestaurant heem an d’Kichen bestellen. Do kënnt de Kach net nëmmen mat Iesswueren bei Iech heem, mee direkt och mat den Telleren, fir dass och alles genee sou ausgesäit wéi am Restaurant.

En plus brauch Dir Iech ëm keng Spull ze këmmeren, well déi iwwerhëlt deen automatesch mat. Eng Iddi, déi den zwee Fondateuren scho viru Corona-Zäiten komm ass, ma déi awer elo grad och eng gutt Opportunitéit ass, well vill méi Leit bereet sinn, dëse Service ze testen.