Mir kucke wéi eng nei Konzepter d’Reesagencë sech afale gelooss hunn, vun de Fluchreese bis bei d’Croisière.

Wou geet et dann dëst Joer hin an der Vakanz? Freet een d’Lëtzebuerger, kënnt dacks d’Äntwert: néierens, op d'mannst nach net elo. D’Loscht ass zwar do, d’Onsécherheet awer och.

Den Impakt vum Coronavirus op eist Reesverhalen ass reell. “Ech denken driwwer no, méi mam Auto ze reesen. Wann ech ee Van kéint lounen, wier ech sou séier et geet fort”, verréit eis zum Beispill eng Passantin bei eiser klenger Ëmfro an der Stad. Eng aner jonk Fra seet, dass si an Zukunft net méi sou dacks an Hostelen iwwernuechte wéilt – ëmmerhin hätt si sech esou mam Covid-19 infizéiert. Generell wéilten d’Leit, déi mir gefrot hunn, léiwer nach puer Méint waarde mat der Vakanz, fir se dann ënnert hoffentlech méi normale Konditioune kënnen duerchzeféieren.

Ma wéi eng Destinatioune kommen den Ament iwwerhaapt a Fro? Wéi kéinten d’Vakanzen am Joer 2021 ausgesinn? A wéi geet et der Tourismus-Branche no engem Joer an der Kris? Mir kucke wéi eng nei Konzepter d’Reesagencë sech afale gelooss hunn, vun de Fluchreese bis bei d’Croisière. Ugefaange mat der Vakanz op véier Rieder.

Reese mam eegenen Auto oder mam Camper 

Reesen an der Pandemie war bis elo kaum méiglech. Ma esou roueg, wéi ee kéint mengen, ass et den Ament net méi an den Agencen, erzielt eis d’Pascale Backes, Reesagentin bei Voyages Emile Weber. Zanter e puer Woche géing d’Demande rëm unzéien, besonnesch fir d’Ouschtervakanz. Mee et wier een immens limitéiert wat d'Destinatiounen ugeet, esou d’Pascale Backes.

D’Kanaren, Madeira an Teneriffa hätten dëse Wanter besonnesch gutt gezunn. An awer bleift 2021 bis elo ee schwaacht Joer, erkläert d’Christine Corsi vun Travel Group (Voyages Emile Weber & We Love To Travel): "D’Tendenze sinn nach ëmmer déi selwecht. D’Leit buche wierklech an allerleschter Sekonn, also wierklech heiansdo réischt dräi Deeg virum Depart. Et ass ganz schwaach, well ganz vill Destinatiounen einfach zou sinn. Alles wat Fernreese sinn, sinn zum groussen Deel guer net méiglech an op der anerer Säit och wéineg gefrot, well d'Leit dann awer deels vläicht nach méi onsécher sinn."

De Reesagencë bleift deemno keen anere Choix, wéi sech un d’Situatioun unzepassen a sech nei Iddie fir de Client afalen ze loossen. Ganz staark um Komme sinn hei Reese mam eegenen Auto oder och mam Camper. "WebCamper" ass zum Beispill eng ganz nei Offer vu Voyages Emile Weber, déi rezent verschidde Modeller kaaft hunn.

Christine Corsi: "Mir kënnen einfach just de Camper verlounen, da kommen d’Leit, kréien alles erkläert a ginn op hir Rees. Oder se kënnen och eng komplett Tour organiséiert kréie mat Campingplazen am Virfeld reservéiert, mat Excursiounen asw. A ganz flott, well et ebe fir vill Leit och nach nei ass, hu mer zwou komplett organiséiert Reesen op d’Been gestallt. (...) Do fiert ee Guide mat, deen a sengem eegene Camper fiert, an deen trëfft de Grupp ëmmer rëm op verschiddene Plazen. Dat heescht, wann ee lo seet ‘Ech weess lo net genee wéi dat geet mam Gas oder wéi ech Waasser nofëllen’, dann ass einfach ëmmer een do deen een encadréiert."

Déi éischt Departe si vun der Ouschtervakanz u méiglech. D’Christine Corsi geet dovun aus, dass dësen Trend net just ee Coronaphänomen bleift.

Mat der Croisière iwwer d’Mëttelmier 

D’Fans vu Croisièrë musse sech dëst Joer op Reesen am Mëttelmierraum astellen. Virun allem Destinatiounen, wou een op der Hirees net op de Fliger ugewisen ass, wiere gefrot, erkläert den David Lentz vun Neptun Cruises. Den Trend vun de wäiten Expeditiounsreesen ass also och am Croisières-Geschäft fir d’éischt emol op Äis geluecht.

Ma eng gutt Nouvelle gëtt et: d’Päischtcroisière gëtt dëst Joer organiséiert, wann och an enger "light" Versioun. Wéi se genee wäert ausgesinn, wäert awer réischt kuerz virdru feststoen.

David Lentz: "Et wäert sécherlech eng aner Päischtcroisière gi wéi mir dat vun de Jore virdru gewinnt waren. Elleng déi Animatioun, déi mir déi Jore virdrun ëmmer haten, dat geet einfach dëst Joer net, well mir eis mussen un déi verschidde Mesuren halen. An de Baren ass Service à Table, et ass also net fir ronderëm ze lafen an ze danzen. Et muss ee sech mat der Mask iwwerall beweegen. Dat si scho Restriktiounen, mee trotzdeem wëlle mer ee positiivt Signal un d’Leit senden, dass Reese rëm méiglech sinn, dass Croisièrë rëm méiglech sinn."

Dass si duerch de Covid net hire gewinnte Programm kënnen duerchzéien, géing net bedeiten, dass guer keng Animatioun op der Päischtcroisière wäert sinn. Et wiere ganz vill Attraktiounen u Bord vun der neier MSC Seaside, esou den David Lentz. Nieft enger Bowling-Bunn wieren zum Beispill och Theater-Showe virgesinn.

Generell gekuckt wier et schwiereg gewiescht, fir 2021 ee Programm ze erstellen. De Marché, dee bis virun der Kris nach geboomt huet, ass komplett zesummegebrach. An der ganzer Reesbranche leiden déi, déi vu Croisièrë liewen, mat am Meeschten ënnert der Pandemie.

David Lentz: "Wou mir lo awer mierken, dass an de Reesagencë rëm d’Demande do ass, fir eenzel Destinatioune wéi d’Kanaren ze besichen, do hänke mir nach hannendrun, well mir wierklech nach drop waarden, vun all de verschiddene Regierungen den OK ze kréien, dass mir lo däerfen un déi verschidden Häfen uleeën. (...) Et ass een net méi sou flexibel wat de Planning vun de Routen ugeet."

Fluchreese fir aktiv Touristen & Wäin-Amateuren 

Et si schwéier Zäite fir d’Luxair a LuxairTours. An den éischten zwee Méint vun dësem Joer si 74% manner Passagéier gezielt gi wéi 2020 ëm dës Zäit. Dës Zuele schéngen déi Responsabel awer net ze decouragéieren. Ganzer 22 nei Destinatioune sinn zanter dem leschte Joer dobäi komm. An déi kéint een an dräi Kategorien ënnerdeelen, esou den Alberto Kunkel, Direkter vu LuxairTours. Engersäits wieren do Destinatiounen, déi no bäi leien, wéi zum Beispill Innsbruck oder och Marseille. Da gëtt et awer och nach d’Kategorie fir Clientë mat engem ethneschen Hannergrond, also fir all déi, déi hir Famill am Ausland wéilte besichen. Destinatioune wéi Podgorica, Belgrad oder och Tunis fënnt een op dëser Lëscht. An da sinn natierlech och eng Rei touristesch nei Destinatiounen dobäi komm, wéi Mykonos oder Santorini. A Krisenzäiten esou vill nei Flich proposéieren? Eng gewoten Taktik op den éischte Bléck.

Alberto Kunkel: "Et ass eng Strategie vun der Diversifizéierung. Mir gesi jo och, dass de Geschäftsreesen-Marché net do ass dëst Joer, dofir schaffe mir och un neie Konzepter. Déi Kris huet dozou gefouert, dass ee méi agil gëtt, seng Zone de comfort verloossen an nei Iddien entwéckele muss."

Nieft den neien Destinatiounen, sollen deemnächst och eng Rei nei Konzepter op de Marché kommen: fir Frënn vu sportleche Vakanzen, Wäin-Amateuren awer och fir Leit, déi eng ganz individualiséiert Offer wënschen.

Alberto Kunkel: "En neit Konzept, dat kënnt op de Marché an e puer Wochen, ass ‘Vitality&Sports’, dat heescht Hiking a Biking Tourismus, an och Kite Surfing. Mir kommen och mat engem neie Produit fir Wäin-Tourismus, mat der Destinatioun Bordeaux. A mir schaffen un engem ganz neie Konzept, dat ass ganz frësch, dat heescht Luxair Individual. Dat heescht do kritt de Client eng Offer vu klenge Boutique- a Charme-Hotellen, déi ee bei eis um Site reservéiere kann. Eng ganz individualiséiert Offer, déi mir do ubidden."

Nieft Mesurë wéi Coronatester um Aller a Retour an ausgewielten Hoteller mat Sécherheetskonzepter, waart den Alberto Kunkel awer ongedëlleg op een anere wichtege Facteur: eng effikass Impfcampagne.