D'Maria Grazia mécht de Lien tëscht dem Grand-Duché an hirem Heemechtsland Italien.

Déi gebierteg Italienerin ass zanter 20 Joer hei am Land, a setzt sech fir d'Integratioun vun der italienescher Gemeinschaft an. Ënnert anerem huet si e Magazin gegrënnt a gëtt iwwert e Service de Permanence och Rot un déi nei Expats aus Italien.

Zu Mailand an och am Ausland war si laang Zäit als Journalistin täteg. Wéi si virun zwee Joerzéngten dunn op Lëtzebuerg geplënnert ass, huet si decidéiert, hiert Wëssen aus der Presse-Welt mat den Erfarungen als Expat ze kombinéieren. Doropshin huet si de “PassaParola” (https://www.passaparola.info/) gegrënnt. Een op Italienesch a Franséisch geschriwwene Magazin, dee sech virun allem un d’Frënn aus Italien riicht. Gelies gëtt d’Heft am Mount vu méi ewéi 10.000 Leit.

Mee dobäi bleift et net. Mam But den neien Expats aus Italien – d’Joer sollen et der ronn 1.000 sinn -  ze hëllefen, huet d’Maria Grazia elo zousätzlech en neie Projet an d'Liewe geruff. Et handelt sech dobäi ëm e Service de Permanence, deen dräi mol d'Woch organiséiert gëtt, fir den Italiener am Grand-Duché déi néideg Berodung ze bidden.

Serie "Am Asaz fir d'Gesellschaft"

Deel 1: De Portrait vum Paul Prussen vun der Asti

Deel 2: Am klengen Duerf Eesebuer gëtt et e grousst Communautéitsgefill

Deel 3: De Portrait vum Monique Berg vun "Médecins du Monde"