E Freideg koum déi traureg Nouvelle, dass de Mann vun der Queen Elizabeth II. verscheet ass.

09/04/2021 Portrait Prënz Philip / Rep. Claudia Kollwelter

Wéi et vum Buckingham Palace heescht, wier den Duke of Edinburgh e Freideg am Schlass Windsor friddlech ageschlof. An de leschte Joren huet de Prënz Philip ëmmer nees mat senger Gesondheet ze kämpfe gehat, en hat Problemer mam Häerz, hat Blosenentzündungen, huet missten un der Hand operéiert ginn a krut mat 96 Joer nach eng nei Hëft. Weider gouf hien de 16. Februar an eng Londoner Klinick ageliwwert. Ugangs war vun enger "Virsiichtsmoossnam" rieds, well hie sech net wuel gespiert hat, e puer Deeg méi spéit hat et geheescht, dass hien eng Infektioun hätt. Ufank Mäerz gouf de Prënz Philip um Häerz operéiert, hat den Agrëff awer gutt iwwerstanen. Schonn 2017 hat hie sech gréisstendeels aus dem ëffentleche Liewen zeréckgezunn.

Brittesche Medien no soll de Prënz Philip den nächste Samschdeg, de 17. Abrëll bäigesat ginn. Deemno wär den Datum nach net offiziell, interne Quellen no géif d'Begriefnis awer op dësen Datum falen. Et soll eng Mass an der St. George's Chapel um Terrain vum Schlass Windsor gehale ginn. Duerno sol de Mann vun der Queen an de Frogmore Gäert bäigesat ginn. Do leien och d'Kinnigin Victoria an de Prënz Albert. Weider Detailer sollen déi nächst Deeg public gemaach ginn.

Iwwer 70 Joer waren den Duke of Edinburgh an d'Queen bestuet. Am Joer 1947 hate sech d'Kinnigin Elizabeth II. an de Prënz Philip d'Jo-Wuert ginn.

Am Alter vu 96 Joer hat de Prënz Philip sech zréckgezunn, a säi leschten offiziellen Optrëtt war bei enger Militärparad vun de Royal Marines am August 2017 virum Buckingham Palace.

Wärend sengem Liewen huet hie 5.496 Riede gehalen, 637 Reesen als britteschen Adelegen ënnerholl an net manner wéi 22.219 eenzel Rendez-vousen absolvéiert.

Den 10. Juni dëst Joer hätt de Prënz Philip säin 100. Gebuertsdag gefeiert, 1921 gouf hien als Prënz Philip vu Griicheland an Dänemark um Schlass Mon Repos op Korfu a Griicheland gebuer. Hie war dee Jéngste vu 5 Kanner, duerch familiär Streidereie war de jonke Prënz bei sëllege Bekannten an der Famill opgewuess.

Zanter der Queen hirer Kréinung 1953 war hien déi wichtegst Stäip fir seng Fra. 1939 haten déi zwee sech kennegeléiert.

Nodeems hien a Schottland an der Schoul war, goung hien un de Royal Naval College zu Dartmouth an England studéieren. Säin Asaz am Zweete Weltkrich bei der Schluecht beim Kap Matapan um Krichsschëff HMS Valiant gouf besonnesch ervirgehuewen.

De Prënz Philipp geet och als déngschteelste Partner un der Säit vun engem Herrscher an d'Geschicht vum Kinnekräich an, de 17. Abrëll 2009 stoung hie 57 Joer an 71 Deeg un der Säit vun der Queen Elizabeth II. an hat domadder de Rekord vun der Kinnigin Charlotte gebrach, déi d'Fra vum Georg III. war.

Nieft dem Trounsuccesseur Prënz Charles, war de Prënz Philip och de Papp vun der Prinzessin Anne, dem Prënz Andrew an dem Prënz Edward an de Bopi vum Prënz William a Prënz Harry.