E Freideg den Owend goung et am Live! Planet People ëm Architektur, Lëtzebuerger Krimien an d'Filmzeen.

De Joachim Llambi kennt een zanter 2006 als zimmlech strenge Jurysmember bei "Let's Dance". Säi feieregt Temperament huet hie bestëmmt vu sengem Papp, dee vu Barcelona kënnt. Mat 16 Joer huet hie säin éischten Danzstage matgemaach an 1989 ass hie vun den Amateure bei d'Profidänzer gewiesselt. Vun 1997 bis 2012 huet hien zu Frankfurt op der Bourse geschafft an op der Tëlee kennt een hien och aus Sendunge wéi "Die singende Firma", "Jungen gegen Mädchen" oder als Moderator vun der Neioplo vun Jeopardy! bei RTLplus. De 27. September mécht hie sech op d'Sich no senge Wuerzelen an der DNA-Expeditioun "Wer bin ich wirklich?"

RTL

Den Alain Silverio huet virun 10 Joer seng Leidenschaft fir de Lego nei entdeckt, wéi e festgestallt huet, dass déi kleng Steng net u Wäert verléieren. Zanterhier reest hie reegelméisseg op Lego-Ausstellungen a Bourssen an dorausser ass d'Iddi entstanen, eng eegen Expo zu Lëtzebuerg ze maachen. Déi éischt Editioun vun der "Brixembourg" war am Juni 2019, an dëse Weekend gëtt zu Jonglënster op 1.000m2 Lego verkaf an ausgestallt. Ënnert anerem kann een d'Harry-Potter-Landschaft bewonneren an e Sammelsteen oder eng exklusiv Lego-Minifigur kafen.

RTL

Den Eric Nosbusch ass Student fir Geschicht zu Wien. Als DJ Nosi ass hien am Nuetsliewen beschtens bekannt. Hien ass Resident am M Club an 2019 gouf hie mam Luxembourg Nightlife Award ausgezeechent. 3 Lidder huet e schonn erausbruecht "Schëdden" an "Marrakesch" an dat neiste Lidd heescht "Stau" zesumme mam Turnup Tun. Säi gréisste Wonsch ass, eng Kéier vun der Musek ze liewen an de Weekend leet hien zesumme mat aneren DJen um LOA bei der Philharmonie op.

RTL