All Woch presentéiere mir Iech eng Plaz, wou ee baussent der Famill a sengem Beruff Mënschen treffen, sech mat hinnen austauschen a sech kenneléiere kann.

Dobäi ass déi drëtte Plaz, den Tiers-lieu, e Raum, wou Communautéiten entstinn a wou ee fräi seng Ressourcen, seng Capacitéiten a säi Wëssen deele kann.

Dorënner zum Beispill d'Konschthaus op der Gare zu Clierf, wou eng Koppel hiert Haus mat den honnert Dieren, wéi si et gäre nennen, mat der Noperschaft deelen. Jiddereen ass wëllkomm an hirer Téistiffchen a fënnt do net nëmmen e sympathescht Gespréich, ma kann och gratis u Sproochecoursen deelhuelen. Niewebäi stellen déi zwee Konschtamateuren op zwee Stäck lokale Kënschtler hir Maueren zur Verfügung, fir hir Biller gratis kënnen auszestellen. Eng Iddi, déi si scho méi laang am Kapp hunn.

D'Serie "Zesummen - Den Noperschaftstreff" all Dënschdeg am November um 19 Auer am Magazin op der Tëlee.