Apple 1 kéint fir iwwer eng Millioun Dollar ënnert den Hummer kommen

© AFP/TIMOTHY A. CLARY
200 Exemplare goufen deemools fir jee 666,66 Dollar verkaf. Elo sicht ee vun dëse Computeren en neie Besëtzer.
Den Apple 1 war den éischte Computer, dee vum Steve Wozniak a Steve Jobs hirer Firma vun 1976 u vermaart gouf. Bei der Auktioun gëtt sech fir dëse PC en décke Batz Geld erwaart. De Wäert vun der Maschinn, déi nach ëmmer funktionéiert, gëtt op tëscht 400.000 a 600.000 Dollar geschat. Ma d'Auktiounshaus John Moran geet dovunner aus, dass de PC schlussendlech iwwert 1 Millioun Dollar erabrénge kéint.
Gehéiert huet en engem Professer vum Chaffey College. Hien hat de Computer 1977 dunn un e Student weider verkaf. No iwwer 40 Joer huet sech de Mann dunn entscheet, en ze versteeën.
De Computer-Expert Corey Cohen huet der "Los Angeles Times" géintiwwer gesot, dass et hautdesdaags nach 60 Exemplare gëtt. 2014 ass an den USA en Apple 1 fir 900.000 Dollar, also ëmgerechent 777.000 Euro ënnert den Hummer komm. Do lount et sech, e puer Mol am Keller nozekucken, ob een net awer nach esou ee Modell iergendzwousch leien huet.