E Freideg am Live: D'Directrice vum EU-Konsumenteschutz Karin Basenach, den Chuck Norris Double Claude Olinger an d'Mrs European Nation Djamila Celina.

Beim Karin Basenach mécht raumen Spaass, a si weist och wéi ee sech am beschten uleet. D'Directrice vum europäeschen Konsumenteschutz zu Lëtzebuerg a Mamm vun enger Duechter ass iwwer eng Serie op Netflix drop komm, wéi ee sech organiséiere soll, fir dass Uerdnung halen net langweileg ass. 1 Joer huet d'Formatioun mat Examen gedauert an elo ass si zertifiéierten Opraumcoach vu Marie Kondo. Geraumt gëtt no 5 Kategorien, jiddereen aus dem Stot fir sech eleng. Detailer op www.surroundeddbyjoy.lu.

De Claude Olinger gläicht net just dem Chuck Norris, hien profitéiert och dovunner als Doubel. Ganz um Ufank huet hien alles iwwer säin Idol gesammelt: Filmer, Poster, Bicher, Zeitungen, T-Shirten an souguer original Chuck Norris Zigaren. 10 Joer huet hien Kampfsport an Däitschland gemaach an bemol gouf festgestallt, dass de Glach mat sengem Held frappant ass. Antëscht sinn déi zwee sech bei Events iwwer de Wee gelaf, de Claude huet bei offiziellen Look-Alike-Concourse matgemaach, gëtt ëmmer nees fir Interviewe gefrot a spillt souguer selwer a Filmer mat.

D'Djamila Celina kënnt aus Holland a mat hiren villen Talenter zitt et si bei d'Musek an d'Reality TV. Genee wéi hir Eltere steet si gär an der Ëffentlechkeet. Als groussen TikTok-Star, Popstar, DJ oder och am Reality-TV wou si an der hollännescher Versioun vun "Queens Of The Jungle" derbäi war. Mat méi wéi 80.000 Follower an de soziale Medien gehéiert si zu de groussen Influencer. D'Djamila war "World's Sexiest Female DJ" 2019, ass déi aktuell "Mrs European Nation", huet et schonn op de Cover vum spueneschen Playboy gepackt an huet hiren eegenen Parfum erausbruecht.

All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.