Nadine Robert, Filipe Lima an de Marco Angelini
Am Live! Planet People goung et dëse Freideg ëm Instagram-Fame, d'ONG "Le Soleil dans la Main" an ee Sänger.
D'Nadine Robert hat schonn ëmmer eng Händche fir Moud an ass elo Model an en Held fir d'Jugend op Instagram. (@nadinerobert.official) Mat 18 Joer huet d'Nadine nom Doud vun der Mamm, net ganz fräiwëlleg, e Kleedergeschäft an der Stad iwwerholl. Bis haut zitt sech Gezei wéi e roude Fuedem duerch hiert Liewen an Dragqueenen hu si op d'Iddi bruecht, ausgefale Saachen unzedoen. Opgefall ass d'Nadine rezent duerch verschidde Publicitéiten an och op TikTok ass de Model mat 62 zu engem Virbild fir déi jonk Community ginn.
De Filipe Lima representéiert d'ONG "Le Soleil dans la Main", déi am Burkina Faso am Benevolat aktiv ass. Et ass net schlecht, wat aus där klenger ASBL gouf, déi am Dezember 2002 vun 3 Kolleegen an d'Liewe geruff ginn ass. Si konzentréiere sech op 2 Regiounen a ronn 30 Gemengen an hu gehollef beim Accès zu Drénkwaasser, Déierenzuucht, Staudämm bauen an hu Cooperativë fir Geméisbau gegrënnt. Wéinst engem neien Accord op den 1. Januar 2022 hu se sech elo op d'Beräicher "Educatioun" a "Protection de l'Enfance" konzentréiert.
De Marco Angelini kennt een nach als Sänger vun DSDS. A well säi Papp Lëtzebuerger ass, war hien deemools e bësschen ee vun eis. An der 8. Staffel gouf hien de 4. 2014 ass hien an den australeschen Dschungel gaangen an dat selwecht Joer huet hie mam Maria Santner bei Dancing Stars um ORF gedanzt. D'Koppel huet zesummen d'Duechter Antonie a viru kuerzem huet e seng grouss Léift live op der Televisioun gefrot, fir sech ze bestueden. De Marco schafft als Bauchchirurg a schreift Lidder fir aner Kënschtler.
All Emissioun kann een och um RTL Play nach emol kucken.