Dës Woch geet et ëm Motorsport, Musek, Zeechnen an Darts

Den Drifter Rohan van Riel ass vum 14. bis de 16. November op der "International Motorshow" um Kierchbierg, wou wärend 3 Deeg nees vill impressionant Autosmodeller aus allen Zäite gewise ginn Zanter 2009 ass de Rohan van Riel mat senger Driftshow een Element vun der Show. De Rohan ass gebierteg vu Kalber an huet mat 14 Joer éischt Essaien an deem Sport gemaach, deen hie bis haut net méi lassgelooss huet. Ënner anerem huet hien 2012 am Aserbaidschan "d'Baku Driftchallenge" gewonnen.

RTL

"Diivanhana" maache Musek vum Balkan a kommen e Freideg den 21. November op Iechternach. Mol sinn et méi melancholesch Téin, Mol kann ee richteg drop danzen. Awer ëmmer hunn d'Lidder en zäitgeméisst Arrangement, egal ob et Melodien sinn, an deenen Jazz, Folk, modern Klassik oder Pop eng emotional Kraaft entfalen. Albekanntes kléngt mat hinne ganz nei. Gegrënnt gouf d'Formatioun 2009 vun enger Grupp jonke Studenten vun der Museksakademie Sarajewo an 2011 hu se hiren éischten Album erausbruecht.

RTL

D'Karin Körber bastelt a moolt gär a weist hir Saachen zanter dem Fréijoer op Instagram a Facebook. Schonn als Kand war et fir si e Ventil, fir hir Gefiller ze verschaffen an auszedrécken, egal ob si glécklech, traureg, nervös oder opgereegt war. Mat engem Stëft am Grapp daucht si an enger aner Welt an dat wëll si elo iwwer déi sozial Medie viru ginn. Am August huet si sech selbststänneg gemaach a gëtt bei "Karin's Art Box" zu Alzeng a Coursen am Zeechnen a Workshoppen hiert Talent u Kanner a Jugendlecher virun.

RTL

Den David Jungbluth vun der Lëtzebuerger Dartsfederatioun betreit den Nationalkader (Jugend, Dammen an Hären) Zanter 2006 spillt hien och selwer am Veräin. Ugefaangen huet hien bei de Rusty Darts, duerno war hie bei de Simply Mates, de Flying Bulls, Bulls Hit an Ducky Darts. Hien hat schonn all méiglech Funktiounen wéi Directeur Sportif a Nationalcoach bei den Dammen. Aktuell trainéiert hien d'Hären a säi perséinlech gréissten Erfolleg war bis elo d'Singles Champion Luxembourg Darts League 2010. Am Moment freet hie sech iwwer d'Resultater vum World Cup a Südkorea.

RTL