Et ass e grousst Blummemier, e Mier, dat elo verwielt. Déi sëllege Blummen a Kränz fir déi verstuerwe Queen sollen nach benotzt gi fir en aneren Zweck.

Sëllege Mënschen hunn als lescht Erënnerung un déi verstuerwe brittesch Kinnigin Blummen an de ville Parken néiergeluecht. Dës sollen elo kompostéiert a spéider fir Begréngungsprojeten do agesat ginn. Den nächste Méindeg - eng Woch nom Staatsbegriefnes deemno - soll domat ugefaange ginn, déi vill Blummen anzesammelen. Dat huet d'Verwaltung vun de Royale Parken en Dënschdeg matgedeelt.

Zwar kënne weiderhi Blummen néiergeluecht ginn, ma scho verwielte Bouquete ginn no an no ewechgeholl. Petzien an aner Géigestänn gi bis op Weideres gelagert. An de kommende Méint wéilt ee mat "Diskretioun a Sensibilitéit" doriwwer decidéieren, wat mat deene Saache geschitt.

Zu de Royale Parke gehéiere bekannte Gréngfläche wéi den Hyde Park, Kensington Gardens a Green Park. Besonnesch am Green Park haten d'Mënschen, déi ëm hir Queen traueren, an engem extra dofir ageriichte Beräich e richtegt Blummemier hannerlooss.